Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, mat den ugewisene Faarwe schéngt eppes net ze klappen: Beim Quellentext vum 2. Graphique ass d'Regierung Werner (69-74) als CSV (deemno orange) encodéiert, an d'Regierung Thorn (74-79) als DP, deemno blo, mee dat weist sech am Artikel just ëmgedréint. Huet een eng Iddi, wat do kéinnt wënsch gelaf sinn? --Zinneke 09:10, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, ech gesinn net wat falsch soll sinn. D'Nimm sti richteg niewent der Faarf ausser ech wier faarweblann.
--Les Meloures 10:18, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Re-Moien, sorry, ech hat kromm gekuckt: Ech hat et esou gelies, wéi wann d'Nimm iwwer der jeweileger 'Sträif' sténgen, dobäi si se niewendrunn. Dofir d'Impressioun, dat ganzt wier am uewe beschriwwene Fall "verrrëtscht". Probleem, dee kee war, geléist :) . --Zinneke 11:46, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]