Diskussioun:Pristina

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwert den Numm[Quelltext änneren]

A verschiddene Wikipediaë ginn et richteg Kricher tëscht Serben an Albaner an Artikelen iwwert de Kosovo. Sou och iwwer Pristina. Zum Beispill huet déi däitsch Wikipedia d'Stad nach ënnert dem serbeschen Numm (Priština), obwuel et esou gutt ewéi keng Serbe méi do ginn, mee well verschidde Länner d'Onofhängegkeet vu Serbien nach net unerkannt hunn. Aner Wikipediaen hunn den albaneschen Numm (Prishtina); duerfir mengen ech ass et hei och dat bescht mir huelen den Numm "Pristina", wéi am engleschen a franséischen.

Ech hu déi hei Source op lëtzebuergesch vun Ausseministere/Chamber fonnt, déi och "Pristina" benotzt (3. Zeil, Säit 13). --Bdx (Diskussioun) 16:07, 14. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, op jiddwer Fall héiert e sech esou richteg un and d'Schreifweis passt och an d'Lëtzebuergescht. --Les Meloures (Diskussioun) 16:23, 14. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech sinn do net esou sécher: All Graphië weisen, datt et "Prischtina" ausgeschwat gëtt, a "Pristina" just eng Schreifversioun ass, wou een den "š" net op sengem Clavier fonnt huet. Woubäi ech net wëll soen, datt ech "Prischtina" géif als Lemma virschloen, dat wier e bësse wäit hiergeholl. Anerersäits ass déi Ried keng handfest Referenz, déi dës kriddeleg Geschicht géif léisen. Ech froe mar en Expert op deem Gebitt an hoffen, eng Äntwert vun deem ze kréien. Am Moment ka "Pristina" gär stoe bleiwen; Edit-Wars ass e Luxus, dee mer eis hei net kënne leeschten ;-). --Zinneke (Diskussioun) 16:50, 14. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Den Numm gëtt tatsächlesch "Prischtina" ausgeschwat. Mat "Pristina" just eng Schreifversioun ass, wou een den "š" net op sengem Clavier fonnt huet sinn ech net averstaanen, well "Pristina" den offiziellen Numm op englesch a franséisch ass :) --Bdx (Diskussioun) 07:39, 15. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Op Nofro krut ech gesot, datt an offiziellen EU Dokumenter souwuel déi franséisch an déi englesch, wéi och déi däitsch Versioune "Pristina" schreiwen. Deemno kënne mer domat hei gutt liewen. --Zinneke (Diskussioun) 09:26, 15. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Vu mär aus dann och Pristina, soulaang et net déi albanesch Schreifweis ass. --Otets 00:59, 16. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]