Diskussioun:Radioteleskop Effelsberg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut

Kann een da gewuer ginn ronderëm wat e sech beweegt? Les Meloures 10:11, 5. Mäe 2008 (UTC)

Gutt Fro, vläicht gi mer dann och gewuer, wéi e Radioteleskop "sech am Krees horizontal a vertikal beweege kann". Vläicht fiert et op Schinnen, déi a Form vun engem Krees leien? --Cornischong 10:55, 5. Mäe 2008 (UTC)
Fro preziséiert

Dréint et sech ronderëm wéi e Karussell, am horizontale Plang , oder dréint et sech ronderëm wéi d'Riserad am vertikale Plang? Oder awer vläicht an deenen zwéi Pläng?

Dovunner ofgesinn, op eppes op Schinne fiert, am Weltall dréint, oder op enger Well dréint, et dréint ëmmer alles ëm eng Achs oder soss en zentrale Punkt, am Fall wou et et sech am Krees beweegt. Les Meloures 11:04, 5. Mäe 2008 (UTC)


"Knapps 30 Joer laang war et dee gréisste Radioteleskop vun der Welt, dee sech horizontal, 12 Bouminutten a vertikal 6 Bouminutte ëm seng Zentralachs beweege kann ...." Kann e sech dann haut net méi beweegen? A war et net deen eenzegen iwwerhaapt, dee sech "horizontal, 12 Bouminutten a vertikal 6 Bouminutte ëm seng Zentralachs beweege kann"? Wann et dee gréisste "war", da misst et jo "horizontal, 12 Bouminutten, a vertikal 6 Bouminutte ëm seng Zentralachs beweege KONNT" heeschen. Als Laien huet een et awer och net einfach. --Cornischong 12:03, 5. Mäe 2008 (UTC)
Et war dee gréissten awer e ka sech nach ëmmer beweegen. Les Meloures 20:02, 5. Mäe 2008 (UTC)

Salut,

Ech hat déi 319 Meter op der Websäit och gesinn, konnt just néischt mat dem track level ufänken. Weess e wat dat heesche soll?

Huet nach keen erausfonnt wat den track level ass? Les Meloures 20:15, 10. Mäe 2008 (UTC)

Hei gouf einfach op 319 Meter geännert obschonns an der Websäit steet déi 319 Meter wieren d'Héicht vum track level. Bis elo huet nach keen eis gesot wat den track level ass. Les Meloures 10:59, 12. Mäe 2008 (UTC)

A wie soll eis dat da soen? Wat den Track level ass, steet an all Iwwersetzungsdictionnaire, mee wat ass e "Wanderwee"? Dat steet rout am Artikel, an et huet nach keen eis dat gesot. Kéint et e "Spadséierwee" sinn? Dat hunn ech am DLW fonnt, well ech mer geduecht hunn, et wier e Wanderweg. Bis elo ass eisen Artikel mat der Diskussiounssäit 547 Wierder grouss; den Artikel an der de-Wikipedia huet der 389. Amplaz d' "Standorthöhe" aus der de-Wiki eriwwerzekopéieren, hale mer eis dru wéi de Geck un de Bengel mat Getalks. --Cornischong 09:32, 13. Mäe 2008 (UTC)

A well mer sou flott potere kënnen, schloen ech vir, mer maachen eng Säit op, op där ee Froe stelle kann. Op déi Manéier hu mer d'Froe beieneen, an et léisst sech besser drop äntweren. Et geet vläicht net jiddereen all Dag op d'Säiten dorëmmer kucken, wat dann esou vu Froen opsteet. En Numm ass mer och schonns agefall: Wikipedia:Ech hunn eng Fro. --Cornischong 09:44, 13. Mäe 2008 (UTC)

Mol eng Äntwert op dës Fro[Quelltext änneren]

Gutt Fro, vläicht gi mer dann och gewuer, wéi e Radioteleskop "sech am Krees horizontal a vertikal beweege kann". Vläicht fiert et op Schinnen, déi a Form vun engem Krees leien? --Cornischong 10:55, 5. Mäe 2008 (UTC)
Jo e fiert op enger Schinn déi a Form vun engem Krees läit. Les Meloures 08:49, 13. Mäe 2008 (UTC)

Moien,

An eisem Artikel steet geschriwwen: do steet en op enger Héicht vun 319 Meter. An all onsen Artikel ass d'Héicht, (altitude) déi topographesch Héicht, an net déi vun engem track level, deen en och nach nëmmen erausfënnt, wann een op d'Websäit kucke geet.
Ech muss mer och keen englescht Iwwersetzungsbuch kaafen, wann ech eppes aus der lëtzebuergescher Wikipedia erkläert well hunn. Wanns du dat an all engleschen Dictionnaire fonnt hues, firwat kréie mer dat dann net am Artikel gesot.
Wat Wanderweeër oder Spadséierweeër ugeet muss ech soen, datt mir de Spadséierwee oder Trëppelpad och léiwer ass, och wann am Verbebichi d'Verb wanderen opgezielt gëtt. Les Meloures 10:15, 13. Mäe 2008 (UTC)


Track level[Quelltext änneren]

Ass mat track level dat heite gemengt? Track Level Les Meloures 11:00, 13. Mäe 2008 (UTC)