Diskussioun:Rand

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech gesinn d' "Filmer" net mam Firefox, ech gesi se net mam Opera, ech gesi se net mam Explorer an ech gesi se net mam Mac. Wier et net ubruecht, bei de Fotoen, vun deenen ech eng nëmme ganz, ganz kleng gesinn (dat erënnert mech un d'Billerpolitik an der de-Wikipedia mat hire Mikro-Käppercher), unzeginn wat een do gesäit; ech mengen, watfir eng Rass dat ass? --Cornischong 08:45, 24. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

D'Uleedung ënnert Wikipedia:Video ass elo och fir Dummies gudd ;-) Also einfach den VLC roflueden, bei der Installatioun "Mozilla Plugin" markéieren a lass (playogg). Ech schaffen just nach am Linux, do gëtt et esou Problemer net ;-) --PlayMistyForMe 11:36, 24. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, am Prinzip, wier et jo flott wann een d'Rass géing wëssen. Bei dësem Bild, Kallef beim Stéier, ass dat awer net esou einfach, wann een net grad Expert ass. Ech géif op Blanc bleu belge tippen. Et kéint awer och Charolaise sinn. Ech weess, datt dat ons net vill weiderbréngt, ech well nëmme just dermat erklären, datt et an dësem Fall schwéier fir de Fotograf ass, fir d'Rass unzeginn, wann en net beim Bauer kann nofroen, oder selwer Fachmann ass. Fir eppes iwwer d'Rasse gewuer ze ginn, musse mer deemno op d'Artikele vun de repektive Rasse waarden. --Les Meloures 10:37, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Fila Brasileiro - da wees een och wat gemengt ass
Wann et nëmmen drëms geet fir Mubäizerchersbiller dranzesetzen, da kéint et egal sinn. Wat maache mer mat deem, deen eng Foto vun engem Fila Brasileiro drasetzt an "Hond" drënnerschreift? Fuerdere mer dann, e soll alt "brongen Hond" dohischreiwen? --Cornischong 15:11, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, deeselwechte Problem hu mer dann an den Artikelen: Päerd, Schof, Primaten a beim Haushond (Bild ënnen am Artikel). Am Artikel Schof sinn e puer Biller vu mär derbäi, ech weess awer am Ament och net watereng Rass et ass, an et ass esouguer en halleft Schof dran. Watereng Rass soll dann domat illustréiert ginn? --Les Meloures 15:47, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

D'Rëndvéi op de Fotoe missten Charolaise sinn, ech froen dann demnächst méi genee beim Bauer no ;-) --PlayMistyForMe 17:12, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Salut ech ginn ee Patt wann et Charolaise sinn. :-)) Les Meloures 17:23, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
chiche ! --PlayMistyForMe 17:34, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
A gewonn, et ass effektiv d'Rass Charolaise, huet de bauer bestätegt. Also wou a wéini? --PlayMistyForMe 17:43, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat lossen ech dech decidéieren. Just net mar de Moien do hunn ech Rendez-vous op enger belscher Gemeng fir Renseignementer ze gëmmeren. Mail op fb237430@skynet.be w.e.g. Les Meloures 19:08, 25. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Kann et sinn datt de Lemma vun dësem Artikel net de Regelen entsprécht oder iwwersinn ech eppes?--MMFE (Diskussioun) 17:09, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Mengst de wéinst der Méizuel? --80.200.192.47 17:48, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Jo genau, et kënnt een e jo och einfach Rand oder Hausrand deefen.--MMFE (Diskussioun) 19:54, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]