Diskussioun:Republik China (Taiwan)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

<<Taiwan ass een Inselstaat...>>. De facto, vläicht! International-rechtlech ass dat awer méi ewéi diskutabel.

D'Provënz Taiwan + e puer kleng Inselcher bis ganz haart virun der Küst vum Kontinent bilden d'"Republik China", déi sech - no der kommunistescher Muechtergräifung 1949 zu Beijing / Peking (=> "Volléksrepublik China") - zu Taipeh konstituéiert huet, an déi den Usproch erhieft, GANZ China (mëttlerweil) demokratesch ze vertrieden. D'Kommunisten zu Beijing erhiewen och den Usproch, GANZ China ze vertrieden, mussen awer bis ewell op Taiwan etc. verzichten...

Et gëtt nëmmen EE China. Taiwan a seng Inselcher (déi zum Deel eegentlech enger anerer Provënz vu China gehéieren!) bilden de facto ee Staat, 't koum awer ni esou wäit, dat "Taiwan" sech fir onofhängesch erkläert hätt. An der Praxis hu mer deemno EE China an ZWOU Regierungen (Beijing an Taipeh), déi politesch net mateneen d'accord kënne sinn. D'Republik China op Taiwan ass iwwregens aus der UNO erausgeflunn, ewéi dat kommunistescht China, no senger Unerkennung duerch d'USA, an d'UNO (inklusiv Sécherheetsrot) opgeholl gouf. 't gëtt eben nëmmen EE China..., och wann een duerchaus léiwer zu Taipeh wéilt liewen, ewéi zu Beijing (wéinstens wat d'Mënscherechter ubelaangt).

Literatur[Quelltext änneren]

  • Y. Demeer & A. Gamblin, Taiwan (Formose), République de Chine ; Paräis (Presses universitaires de France), 1979 (1. Oplo). 128 Säiten.
  • Xing-hu Kuo, Freies China - Asiatisches Wirtschaftswunder ; Stuttgart (Seewald Verlag), 1982. 223 Säiten.
  • Jules Nadeau, Vingt millions de Chinois "made in Taiwan"  ; Montréal (Éditions Québec/Amérique), 1988. 410 Säiten.
  • André Gamblin, Taiwan République de Chine - La victoire du dragon (économie, tourisme, civilisation, diplomatie, politique) ; Paräis (Sedes), 1993.

Mat beschte Gréiss, R.D.

Merci, ech mengen, Dir hutt Iech op der Säit g'iert. Déi Plaz, fir dat hinzeschreiwen ass hei. Bescht Gréiss, --Zinneke 08:44, 2. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]