Diskussioun:Restaurantsvoiture

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien, Waggon gëtt mat zwéi --g-- nom LOD.lu (an nom Duden) geschriwwen. Dat kënnt dohier dat den éischten "a" net laang mä kuerz ausgeschwat gëtt. Ech streiden net gär iwwert eng Orthographie mä an dësem Fall ass d'Schreifweis vum LOD.lu berechtegt. --78.141.128.88 21:56, 10. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, ech wëll och net iwwer d'Schreifweis vu Wag(g)on am Allgemenge streiden. Dofir gëtt et am Ament zevill Varianten an de verschidden Dictionnairen. DFL: Wagon --- LW:Waggo;Waggong;Wagon --- WdLM:Waggon(g) --- Luxdico:Waggon awer Wagon-Restaurant.
Fir den fr:Wagon-Restaurant fir deen et an där Form keen däitschen Equivalent gëtt, do heescht et Speisewagen (deemno gëtt et och warscheinlech keng Duden-Form dervun) hunn ech perséinlech eng grouss Preferenz fir déi franséisch Variant. Wann Dir wëllt kënnt Dir gär dat Thema der Communautéit zur Diskussioun virleeën an zwar op dëser Säit. Merci fir Är Mataarbecht. --Les Meloures (Diskussioun) 08:22, 11. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]