Diskussioun:Rond-point

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Un carrefour giratoire, ou plus communément un giratoire, est un carrefour particulier formé d'un anneau central qui permet aux usagers de prendre n'importe quelle direction (y compris de faire un demi-tour). Bien que l'abus de langage soit courant, il ne faut pas confondre « carrefour giratoire » (qui est un carrefour) avec « rond-point » (qui désigne un type de place)" - steet an der fr-Wiki. "Komesch" Saache ginn et! --Cornischong 20:18, 24 August 2007 (UTC)

Salut,

Tjo ganz onrecht mat der Plaz hu se jo net, och zu Lëtzebuerg gëtt eng Plaz déi Rond-point R.S. heescht obschonns keen do ass. Les Meloures 22:08, 24 August 2007 (UTC)

Eierlech gesot ech weess am Fong net wéi een dat Déngen aanescht soll nennen. Vu de Risiko datt de Lemma eventuell net gutt ass well ech dann och emol net weider fuer mam Artikel bis mer ee bessere Lemma fonnt hunn, oder bis mer selwer eng Iddi kënnt fir et besser ze erklären. Ech stinn awer fir de Moment do wéi den Ochs virum Bierg. :-)) Les Meloures 22:54, 24 August 2007 (UTC)

Wéi wier et mat "Kreesverkéier"? Dovun ass jo dat däitscht "Kreisverkehr" oggeleet. --Cornischong 23:05, 24 August 2007 (UTC)
Ech hat och schonns dodru geduecht, hu mer awer dunn d'Fro gestallt ob d'Leit zu Lëtzebuerg dat och esou soen. Perséinlech hunn ech dat Wuert nach ni gebraucht, wann ech engem hu musse soe wéi e soll fueren, a wann sou een Déngen op der Streck war. Mee dat ass natierlech keng Referenz. Ech wees leider net wéivill Leit dat eent Wuert gebrauchen oder dat annert, a wees och net wéi sou eng ronn Plaz, wéi d'Fransousen nennen, déi da kee Giratoire ass am däitschen heescht. Den DFL gëtt als Iwwersetzung fir giratoire , Giratoire a Kreesverkéier un. Dann ass mer Kreesverkéier nach am léifsten. Vläicht wir et am beschten zwéin Artikelen ze maachen. Les Meloures 23:29, 24 August 2007 (UTC)
Wéi wir et wa mer "dat Déngen" esou génge nennen wéi d'Lëtzebuerger soen, nämlech "Rond-point", a fir dass déi aner och zefridde sinn, kinnt ee jo Redirecte vum "Kreesverkéier" a vum "Giratoire" drop maachen. Dat verhënnert net fir och nach en Artikel iwwer de "Rond-point Robert Schuman" ze maachen. --Pecalux 07:00, 25 August 2007 (UTC)


D'Léisung douf fonnt: Intersection à sens giratoire obligatoire. Een echt lëtzebuergeschen Numm an engem lëtzebuergesche Gesetz. Les Meloures 08:03, 25 August 2007 (UTC)

Wëlle mer, am Eescht, elo all Kreesverkéieren op der Welt hei opzielen? --Cornischong 15:37, 25 August 2007 (UTC)


Ass deeës Getalks nach net genuch an deem Artikel hei. Wanns de wëlles eepes änneren da maach et. Am Ufank war d'Statitik vun dësem Artikel wéi ech knapps dermat ugefaangen hat 259 Zeechen am Artikel an 2588 am Talk, ouni dat een halwe Saz sech am Artikel verännert hat. Ass Wikipedia Artikel schreiwen oder Talk schreiwen. Les Meloures 22:24, 25 August 2007 (UTC)

Sinn iwwer hapt déi Interwikien déi reklamméiert goufen déi richteg. Firwat gëtt Rond-Point dann nett bei de Fransouse mat rond-point Interwiki gemaach. Les Meloures 22:28, 25 August 2007 (UTC)