Diskussioun:Russesch Grammaire

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech mengen deen Artikel hei gëtt ze grouss. Anerwäerts weess ech net, wéi ech et soss maache soll. D'Grammatik vun all Sprooch ass rieseg, mä ech weess net, ob gudd ass esou gigantesch Artikelen ze schreiwen. Ech gesinn trotzdem keng Méiglechkeet, en ze kierzen. Laurent Mazouin


Moien,

Mer hunn esou vill kleng schappeg Artikelen, da wäert e groussen kee Problem sinn, am Contraire. Mä du kanns dech jo mol bei den Noperen ëmkucken, wat déi esou hunn. Vläicht gëtt dat der eng Iddi, wanns de ëmbaue wëlls.

Les Meloures 15:13, 2. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Vläicht maachen ech fir d'Substantiver, d'Verben, d'Adjektiver etc. eenzel Artikelen. Da kréien ech emol déi Tabellen aus dem Artikel eraus. Laurent Mazouin

Moien,

Den Artikel an der de-Wikipedia huet esouguer iwwer 51 MB. Fir eppes erëmzefannen ass et wichteg datt den Artikel gutt strukturéiert ass. Esou wäit ech dat gesinn ass dat am Artikel "Russesch Grammatik" de Fall.--Fliedermaus 15:25, 2. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Participen[Quelltext änneren]

Bei de Participen hunn ech puer Schwieregkeeten bei der Erklärung. Ass dat esou verständlech oder ass et ze komplizéiert? Ech gucken, d'Participen mat e puer Lëtzebuergesch Beispiller z'illustréieren. Laurent Mazouin 20:18 5. Mee 2010 (UTC)

ein klein Fehler[Quelltext änneren]

Entschuldiegung, schützen auf Russisch wird "защитить" nicht "защистить".--A.Khamidullin (Diskussioun) 21:47, 7. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Thanks it's fixed but you also could do it yourself.. --Wolverène (Diskussioun) 06:23, 8. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]