Diskussioun:Russland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"huet den Zar Péiter de Groussen" - "ass dem Péiter säi Wee" - "D'Zarin Katharina déi Grouss": No den zyprioteschen Aventuren leeft hei nach e "Péiter" iwwer déi historesch Bün, an zuguer nach e "Katharina". --Cornischong 11:02, 9 Mäe 2005 (UTC)

Verlinkt si se no der russescher Schreifweis, d.h. wa se iergendwann hiren eegenen Artikel kréien, da wäert dee ganz konform zu eise Petros II. Regele sinn. Dat ass schon an der Rei. Just am Text selwer sinn ech nach mat engem Péiter komm, well ech duecht, datt ee sech vläicht erlabe kéint, am Text selwer en Ënnerscheed tëscht engem offiziellen Numm wéi Pjotr I. vu Russland an engem Nicknumm (wéi een haut géif soen) wéi dem Groussen kéint maachen. Ok, Katharina misst ech dann nach a Katrinn ëmbenennen. Mee bon, wann's de drop hällst, da kéint een och am Text selwer just vun enger Ekaterina déi Grouss schwätzen - wann de Lieser se ënnert deer Form nach erkennt ;-). Otets 15:54, 9 Mäe 2005 (UTC)

Browserproblem mat Tabell[Quelltext änneren]

Ech hunn et elo mat IE a mat Firefox versicht: all Kéiers hunn ech e Problem mat der Lännertabell. Den IE léisst de Geschichtsparagraph net éischter ugoen, bis datt d'Tabell um Enn ass, an de Firefox schreift de Geschichtsparagraph queesch duerch d'Tabell. Sinn ech deen eenzegen, deem et esou geet, oder ginn et der nach a wat kann een dogéint maachen? --Otets 13:20, 31 Mäe 2005 (UTC)

Ech hunn emol d'Kaarten no lénks geholl. Dat ass net perfekt, mee et war fir ze gesinn ob däi Problem net wéinst de Kaarte war, déi vun ënnen "drécken". Dat kéint nawell gutt sinn. --Cornischong 14:56, 31 Mäe 2005 (UTC)

Dat war et effektiv, merci Cornischong. D'Tabell huet d'Biller no ënne gedréckt, mee den Text hat net richteg matkritt, wat en dann elo sollt maachen. Dofir huet e bäim IE schéi brav gewoart, datt et um Tour vun de Biller sollt sinn, bis datt e sech do derbäi gesat huet. A bäim Firefox huet e gemaach, wéi wann d'Biller do wiere wou awer d'Tabell nach gedréckt huet, an ass dowéinst esou wäit an d'Tabell erageréckelt, wéi d'Biller em dat erlaabt hätten, wann se dann op deer Plaz gewiecht wieren. Mee elo ass alles an der Rei, ech hunn d'Biller op eng aner Plaz am Quelltext gesat, esou datt se bal d'selwescht wéi virdrun am Artikel ugewise ginn. --Otets 17:36, 31 Mäe 2005 (UTC)