Diskussioun:SS-Sonderlager Hinzert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien

Dofir gouf schonn 1945 duerch d'Lëtzebuerger dat sou genannten Hinzerter Kräiz opgestallt, an dee Gedenksteen ass net nëmmen op däitsch, mee och op Lëtzebuergesch beschrëft.

Wann ech dat esou liesen géif ech unhuelen datt dat Kräiz zu Hinzert steet. Wann ech dann op de Link klicken stellt sech eraus datt et zu Lëtzebuerg ass . Zu wat gehéiert déi Foto vun der Gedenkplack. Zu dem Kräiz dat zu Lëtzbuerg steet ???. Oder gëtt et och nach e Kräiz zu Hinzert selwer. Les Meloures 11:38, 14 Mäerz 2007 (UTC)


Oder gëtt et och nach e Kräiz zu Hinzert selwer. Wat eng Fro. Ma sécher. Beim Memorial ginn et der vill méi. An zwar mindestens 219 Stéck! --Dat Krappegt vu Sëll 15:19, 14 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde Moien nëmme just wéinster Frëndlechkeet déi mol kritizéiert gouf. Ech zitéieren:
Wéi et schengt kennst de dech jo aus op der lëtzebuergescher Wikipedia Jo, ech kenne se direkt erëm, se ass op Lëtzebuergesch an et seet bal keen deem Anere Moien. (Vum Krappege vu Sëll)
Dann awer nach Merci fir déi gutt Äntwert. Ech hat wierklech net dru geduecht datt op engem Kierfecht méi wéi ee Kräiz kéint stoen. Ech ëntschëllege mech dofir.
Domatter ass allerdengs d'Fro (kuck uewen) zu waterengem Kräiz d'Gedenkplack gehéiert nët beäntwert, zu engem sougenannten Hinzerter Kräiz zu Hinzert oder zum Kräiz um Nikloskierfecht dat och esou genannt gëtt. Les Meloures 15:54, 14 Mäerz 2007 (UTC)

Gudden Owend

An zwar mindestens 219 Stéck
Ech froe mech elo och wou déi Zuel hier kënnt.
Ech war haut do um Kierfecht. Et si 36 Reie mat 6 Kräizer + 1 dat eleng steet an da kënnt nach dat grousst Kräiz derbäi. Dat géifen der héchstens 218 ginn an net mindestens 219. Mee vläicht ass dat um Kapellentuerm matgerechent. Et sinn och vläicht nach e puer an der Kapell an am Mémorial. Mee alleguer déi hunn näischt met der Fro hei ze dinn. Les Meloures 20:05, 15 Mäerz 2007 (UTC)
Nach eng Kéier gudden Owend
Dofir muss vun enger vill méi grousser Zuel vun Affer wéi den 321 Doudegen, déi et offiziell waren, ausgaange ginn.
D'Gemeng Hinzert-Pölert seet et wieren der 302 gewiescht.
Wou kënnt déi Donnée vun 321 hier. Les Meloures 20:24, 15 Mäerz 2007 (UTC)

Lëtzebuerger oder vu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Salut , ech schloe fir Lëtzebuergesch Prisonnéier z'ersetzen duerch Prisonnéier vu Lëtzebuerg. Well: De Peruzzi war net Lëtzebuerger mee Italieener. Cayambe 18:04, 26. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]