Diskussioun:Saint-Denis (Réunion)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E puer Froen: Wéi kann Saint-Denis eng Haaptstad vun enger Insel sinn? Vu watfir engem afrikanesche Staat ass Saint-Denis d'Haaptstad ("Afrikanesch Haaptstied")? --Cornischong 11:26, 19. Mäe 2008 (UTC)

Wa kee mer drop äntwert, dann äntweren ech mer alt selwer. An der en-Wikipedia hu se, wat ech elo "zoufälleg" gemierkt hunn, eng Schabloun mat "Capitals of Africa", déi ënner anerem hei ( http://en.wikipedia.org/wiki/Gaborone ) ze fannen ass. Dat gouf natierlech hei, ouni lénks a riets ze kucken, iwwerdroen. Et ass natierlech Kabes, well d' "Ile de la Réunion" kee Staat ass, also keng "Haaptstad" huet, awer e Chef-lieu, mee e franséischt Iwwerséidepartement an anengems eng "Regioun" ass. --Cornischong 16:43, 19. Mäe 2008 (UTC)

Wat déi net alles mengen![Quelltext änneren]

Et ass komesch: Do setzt eng IP eng Këscht dran, an där "Buergermeeschter: Gilbert Annette" steet. Well ech ganz e bëssi mësstrauesch sinn, kucken echop der "offizieller" Websäit vu Saint-Denis wien déi dann do mengen , wie Buergermeeschter ass. Kuckt léiwer selwer, an zwar hei ( http://www.ville-saintdenis-reunion.fr/main.php?rno=25 ): Déi mengen et wier den "René-Paul VICTORIA Député-Maire". Wat déi net alles mengen! --Cornischong 18:05, 19. Mäe 2008 (UTC)


Dat mat de Buergermeeschteren an de Këschten ass menger Meenung fir onse Gebrauch nëmmen eng Belaaschtung.
Mer kréien déi lëtzebuergesch nach net ordentlech an der Rei gehalen. Ech proposéiren dat datt déi Donnée aus all Auslandskëscht erausflitt. Les Meloures 18:18, 19. Mäe 2008 (UTC)
Dovunner ofgesinn hu mer nei Gemengekëschte fir Frankräich. Déi sollten dann och an den neien Artikele gebraucht ginn. Et geet duer datt mer nach en etlech honnert aler musse flécke goen. Les Meloures 18:22, 19. Mäe 2008 (UTC)
Dat Ganzt deet d'Mosaier liwweren! Ee fänkt denArtikel un a setzt Kabes dran. Da gëtt et verbessert an da kënnt schonns ee gelaf mat enger Këscht. Ech kucken eng eenzeg Saach no, an dann ass schonn deen nächste Kabes dran!!!! Wann ech dann d'Awunnerzuel vergläichen; ech mengen déi an der Këscht mat där am Text, dann dréit sech mer de Mo nees ëm. Wie suckelt sech dee ganze Blödsënn aus de Fangeren???????????? Wann een nofreet (kuckt uewen) da muckst sech kee méi.--Cornischong 18:40, 19. Mäe 2008 (UTC)


Méi Aarbecht mat dem ganze Kaabes wéi wann een et selwer gemaach hätt. D'Wikipedia ass eng fräi Enzyklopedie bei deeër jidderee matschaffe kann. Ech menge mer mussen een Artikel Schaffen maachen datt jidderee versteet wat domat gemengt ass.
An der "Këscht steet "14 279 ha". Kann emol een nokucken, ob dat stëmmt. Merci. --Cornischong 21:14, 19. Mäe 2008 (UTC)