Diskussioun:Sajanbierger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer d'Geschlecht vun de Waasserleef[Quelltext änneren]

"entspréngt den Abakan, am Ostsajan entsprangen de Grousse Jenissei, de Kan an d'Uda."
Fro: Firwat ass et "den" Abakan, "de" Kan, awer net "den" Uda. Ech froe mech och, niewebäi gesot, wéi eis Noperen d'Geschlecht bei hire Waasserleef bestëmmen). Déi Lëtzebuerger Waasserleef sinn (souwäit ech se kennen) alleguer "fralech"; dat muss awer näischt mat den asiatesche Flëss ze dinn hunn. --Cornischong 15:30, 20 Mäe 2005 (UTC)

Ech hunn dëse Waasserlaf dat selwescht Geschlecht ginn, wat se och am Preiseschen hunn. Wéisou eis Noperen dat elo esou an net anescht maachen, kann och kee richteg soen. Et war do mol eng Diskussioun (keng Ahnung wou, mee op alle Fall not op der wiki), wou ee gemengt huet, dat héng mat der Gréisst vun de Flëss of, mat dat ass manifestement net wouer. D'Resultat vun deer Diskussioun war (wann ech mech richteg entsënnen): Usage, wéi den Englänner géif soen. Eis Lëtzebuerger Waasserleef sinn och bei eise Nopere weiblech, an esou huelen ech unn, datt et bäi deene russesche genee déiselwescht m->m w->w Reegel gëtt. Wann ech also elo net grad en Artikel nei erfanne muss, da kann ech roueg eis Nopere sech de Kapp zerbrieche loossen, wéi et richteg ass, mär brauchen et da just nach ze iwwerhuelen ;-) Otets 18:41, 20 Mäe 2005 (UTC)