Diskussioun:Salami

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salami - Salame[Quelltext änneren]

Wann ee besser wéi ech Bescheed weess, wéi et am Italieenesche mat der eigentlecher Méizuel -mi (?) ass, dann net mat der Aaxt duerch d'Potersäite lafen, mee et einfach verbesseren. Villmols Merci. --Cornischong 12:08, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Editwar Gedréchent Liewensmëttel[Quelltext änneren]

Entweder alles änneren oder näischt, Männchen. "Hautdesdaags gëtt Salami aus Schwéngefleesch a Rëndfleesch fabrizéiert a meeschtens un der Loft gedréchent." also Kategorie:Gedréchent Liewensmëttel --Bdx (Diskussioun) 13:08, 7. Nov. 2016 (UTC)[äntweren]

Da mol méi eng genee Erklärung: Gedréchent Liewensmettel bezitt sech op eng prezis Kategorie vun Iesswueren an et ass meeschtens nëmmen Uebst a Geméis a Champignonen, a Gewierzer, déi nom Dréchnen nach héchstens 8 bis 20 Prozent Fiichtegkeet hunn. D'Salami gehéiert op jiddwerfall net dozou well eng Salami oder aner Zossise wa se ënner e gewësse Prozentsatz vu Fiichtegkeet falen net méi richteg zeideg ginn. Dat hänkt mat engem Pilz zesumme grad wéi beim Kéis. Wann net genuch Fiichtegkeet do ass oder wann Loftfiichtegkeet duerch Zoufall eng Kéier ze séier erofgeet da fonktionnéiert dee Reifungsprozess net méi an d'Zossis gëtt huel a geet futti. Normal Salamien wéi och aner Zoossisen hu wann se zeideg sinn nach op d'mannst 35 % Waassergehalt. Do kann een dach net vun dréche schwätzen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:41, 7. Nov. 2016 (UTC)[äntweren]
Gedréchent Uebst huet och nach e Fiichetgskeetsgehalt vu méi wéi 20%. "Gedréchent" bezitt sech op de Konservéierungsprozess, net op wéivill Gramm Waasser dra sinn. "Do kann een dach net vun dréche schwätzen": Alt erëm deng eege Meenung, ouni iergendeng Objektivitéit. Mee, wéi ëmmer, probéiers du se ze imposéieren, an et muss een en Editwar mat dir ufänken fir datts du dech iwwerhaapt erofléiss, eng Justifikatioun fir deng Aktiounen ofzeginn. Fir herno ze mierken, datt däin Argument keen ass. Wien definéiert, vu wéi engem Prozentsaz eppes dréchen ass? Du sécher net. Wanns du z.B. an der englescher Wikipedia kucks, gesäis du, datt et do d'Kategorie Category:Dried foods gëtt, den Equivalent Kategorie:Gedréchent Liewensmëttel. An déi ass ënnerdeelt an "Dried fish", "Dried fruit‎" an "Dried meat". Wou kënnt deng Definitioun hier, datt "Gedréchent Liewensmettel sech op eng prezis Kategorie vun Iesswueren [bezéien]"? Natierlech gëtt et och gedréchent Fleesch a gedréchente Fësch.--Bdx (Diskussioun) 08:10, 8. Nov. 2016 (UTC)[äntweren]

Bessert Bild?[Quelltext änneren]

Sin ech deen eenzegen, dee lëiwer eng richteg Zossiss am Bild gesi gif, wëi eng ekeleg Aldis-Zosiss mat lackëierter Plastik-Schuel? — 213.196.230.94 21:00, 15. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Wéi et schéngt jo. Mä et ass einfach, maach eng Foto vu enger wéi s du sees richteger, luet se erop a setz s'an den Artikel. --81.244.214.219 07:19, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]