Diskussioun:Schëffsschleis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Eng Schleis ass eng Virriichtung an engem Floss oder Kanal, deen als Waasserstrooss genotzt gëtt ...": Dat ass esou "net falsch", mee et ginn am Ländche Waasserleef, op deene keng Schëffer fueren, an déi, zesummegeholl, Honnerte vu Schleisen hunn. Ënner der Neier Bréck ass eng vun der Péitruss. Déi Definitioun, déi hei benotzt gëtt gräift dernieft. --Cornischong 05:39, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Wéi kann een, dee sech bis elo mat zwéi Buschtawen an engem Accent hei investéiert huet, sech iwwerhaapt ugesprach fillen? --Cornischong 10:40, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hu mäi Commentaire zeréckgeholl, ech hat net gesinn, dass de d'Säit geréckelt has. Ech hoffen, du suergs och derfir, nom Réckelen alles, wat op "Schleis" verlinkt ass, ze verbesseren? --Zinneke 12:50, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Ech hunn all d'Schleisen déi ech am Link fonnt hunn op Schëffschleise verlinkt.
Aus der Bourbonsschleis hun ech de Schleiselink erausgeholl, aus der Ursaach, well et am Fong keng Schleis ass, an nëmmen esou genannt gëtt. Et ass dat wat allgemeng e Wier genannt gëtt. Och déi Honnerten anere vun deenen hei uwen driwwer riets geet, déi ech awer a kengem Artikel bis elo eng fonnt hunn, sinn u sech Wierer.
De Redirect Schleis gouf geläscht, am Sënn, datt d'Wuert Schleis net méi op d'Schëffschleis weidergeleet soll ginn, wéi ech als Ursaach vum Réckele verstinn, a soss dat Réckele kee Wäert huet.
D'Kategorie Schleisen gouf dann och deementspriechent op Kategorie Schëffsschleisen geännert, an dann och an den Interwikilinken op deenen anere Wiki verbessert.
Dat ass elo fir d'Zweet wou ech esou eng Fläissaarbecht nom Réckele maachen, ech hoffen datt mer elo en Artikel Schleis kréien, soss liicht dat Geréckels mer awer net sou richteg an.
Bei de Frichë vun Esch-Belval gouf déi selwecht Aarbecht gemaach, well do vun der Eenzuel op Méizuel geréckelt gouf. D'Ursaach vun deem Réckele verstinn ech bis elo net, well mer bis haut nach net gesot kruten, wéivill et der da gëtt. Dobäi krut ech nach Onfrëndlechkeet a Manktem u Mateaarbecht virgehäit.
Les Meloures 18:50, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Super, den Artikel wéis Du en elo iwwerschaft hues, fannen ech vill méi kloer a lieserlech. :-) --Christian Ries 16:30, 30. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]