Diskussioun:Schluecht beim Trasimeno-Séi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Titel kënnt mer schonns vun Ufank u friem vir. Et wier dach "beim" Trasimanesche Séi. Wat seet d'Fachwelt? --Cornischong 14:55, 20 Oktober 2005 (UTC)

Hmm. Am Franséischen ass dee gängege Begrëff "Bataille de...", am Englesche "Battle of...". Am Däitschen gëtt meeschtens "bei" enger Uertschaft 'geschluecht', oder "an" engem Floss, Séi, asw.

A wéi "schluechte" mär? Ech kennen d'Schluecht "vu" Waterloo (déi och méi richteg "bei" deer Uertschaft war), sou dass ech giff mengen, déi 2 Begrëffer wiere "gängeg", a giffe je no der Sprooch, an deer een seng Geschicht geléiert huet, gebrauch ginn.

E klore Fall fir e Redirect, deemno, mat engem Zousaz am Artikel (Schluecht vum (oder beim) Trasimenesche Séi.

PS: Hoffentlech freet elo keen, op "Trasimeenesch" net 2 "E"en an der Mëtt kritt ;-)