Diskussioun:Schluecht vu Crécy

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"hannert enger Wagenbuerg": An dat ass haut am Wort! --Cornischong 08:04, 6 September 2006 (UTC)

Soot, wouhier staamt des Informatioun?

Fest steet, dass d'Englänner sech hannert enger Linn vu Ween verschanzt haten.

Et ass dei eichte Keier dass ech dest heieren. Normalerwaise hunn d'Langbouschützen sech hannert Holzpeil an och vereenzelt Grief verschanzt, vu Ween hunn ech nach nie geheiert.

Och soss sinn e puer Problemer.

déi d'klassesch gepanzert franséisch Reider schon iwwert eng grouss Distanz vun de Päerd geschoss hunn

Daat ass schons deels wouer, mee daat war wuel eischter dass d'Päerd ennert de reider fortgeschoss goufen well se daat mei grousst a mei vulnérabelt Ziel waaren. Enntgeint dem aale Glawen waar d'Kettenhiem (zesummen mat engem Gambison) zimmlech gutt fier deidlech Feilschess oofzewieren. Ech si mer net mei secher ob et zu Crécy oder Poitiers waar wou mei franséisch Ritter ersteckt and erdronk (am Boulli) sinn wei direkt duerch Feiler emkumen.

D'franséisch Truppen hu sech virun allem aus Aarmbroschtschéisser aus Genua zesumme gesat.

Nee, d'Genoesen waaren e relativ klengen Deel vun der franséischer Arméi, deen allergreisten Deel waaren einfach Baueren dei net agesaat goufen. Dann waar do een fier mettelalterlesch Emstenn riesegt obgebout vun Kavallerie. Vun deenen drei waaren d'Genoesen dee klengsten Deel.

(wou d'Schéisser bis zu véier Feiler an der Minutt geschoss hunn)

Zumindest der franseicher Wikipedia no as daat d'Kadenz vun de Genoeseschen Aarmbrescht, de langbout wier dann ronn 10 Schoss d'Minutt.

Wei een hei u menge Kommentare gesinn kann sinn echvu mengem Letzebuergesch hier net ideal fier den Artikel auzebauen. Scheinbaar kann ech meng Bicher iwwert den Honnertjaerege Krich och net mei fannen (waat hunn ech fier een duergerneen:-( ) soss haett ech daat eent oder aanert probeiert ze ziteieren.--Caranorn 19:32, 30 September 2006 (UTC)