Diskussioun:Sirop de Liège

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Alles Daggi oder wat?[Quelltext änneren]

"Den Daggi, och nach Mëllas, zéiegt Gebees oder Birekraut genannt .... " Datt ech et nach ni héieren hunn oder gelies hunn, ass hei vläicht egal. Datt Daggi net am "groussen Dictionnaire" ze fannen ass, kéint ee wonneren, datt den Ausdrock "Mëlass" drasteet als dat lëtzebuergescht Wuert fir "Zuckerrübenkraut" ass natierlech. D'Wörterbuch gëtt och nach aner lëtzebuergesch Wierder dofir un: Rommelsgebääss, Zaroup, Mischtrol, Jhitz, Jhips an zu Hamm "Leckschister". Mee wou bleift den Daggi? Meng Fro: Wie kann noweisen, datt et dat Wuert iwwerhaapt am Lëtzebuergesche gëtt? --Cornischong 21:05, 25. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Dach, dach, den Daggi gëtt respektiv gouf et an ass mer och nach an Erënnerung. D'Wuert selwer war ob mannst a mengem Emkrees ganz geleefeg. War dat net eng Marque (e rout Dëppchen)? Ech weess datt ee sech dovun elo näischt kafe kann, mee vläicht hëlleft et jo engem op d'Spuer. --Kaffi 22:05, 25. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

(just nach eng Remarque zu megem vireschte "Resumé": gemengt war "bekannt jo, Beweis nee" ;)

Schreiwe mer hei net laanschteneen? Et geet hei net drëm, datt engem seng Bom dat an hir Tagebicher geschriwwen huet. Noweisen huet och näischt domat ze dinn, datt ee sech drun erënnert, datt se bei him an der Strooss Zoossisswupp fir eng Kamell gesot hunn. Mat allem Versteesdeemech, --Cornischong 22:14, 25. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Jooo..., ier ech elo dorops eppes soen, maachen ech emol léiwer hei e Punkt. Et gi genuch aner Saachen iwwer déi mer eis zerklappe kënnen, missten an och wäerten. D'Bom mam Zossiswupp an dem Daggi op der Schmier gehéiere fir mech am Ament net dozou. Ech war mer es bewosst -wéi scho geschriwwen a verschriwwen- datt mäi Commentaire evtl. net allzevill daache kéint. Vu menger Säit aus elo case closed. --Kaffi 23:13, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Meng Fro mol nach eng Kéier: Wie kann noweisen, datt et dat Wuert iwwerhaapt am Lëtzebuergesche gëtt? Et muckst sech keen. Waarde mer op den "D" am LOD oder op den "M" wéi Mëlas? --Cornischong --Cornischong 21:34, 8. Mäe 2008 (UTC)
Et gëtt esou en Ausdrock wéi engem an de Réck falen.
Wéi ech dësen Artikel ugeluecht hunn hat ech laang driwwer riets mat dem Mann deen hei elo sou vehement reklaméiert.
Deemols sot hien: Maach den Artikel da mol esou, da gesi mer op een eppes ze meckeren huet, soss hätt ech dee Lemma guer net geholl.
Abbee lo huet jo een eppes ze meckeren. Dat ass d'Fairness op der lëtzebuergescher Wikipedia. Les Meloures 21:43, 8. Mäe 2008 (UTC)

Äntwert vum "Anderéckfalert"[Quelltext änneren]

Ech wollt emol "eng Nuecht driwwer schlofen" ier ech déi "adequat" Äntwert schreiwen.
Déi Manéier ass schonns op der Diskussioun:Habschter Tunnel opgefall. Do gouf och eppes Abstruses mordikus e puermol behaapt, dat nogewisenermoossen einfach net stëmmt.
Déi Streiderei mat deem "Krappege vu Sël"l iwwer d'Zuel vun de Kräizer zu Hinzert (dat muss ee sech emol virstellen!!), eng Zuel, déi op der Websäit vum Memorial steet. Dat Krappegt hat einfach nëmme Recht, wouvun ech mech e puer Deeg drop zu Hinzert selwer iwwerzeege konnt. Et ass mer och net nei, datt et Leit gëtt, déi, wann een hinnen net Recht gëtt, mam plakegen Hënneschten an e Koup Kräsi oder an e Brennnesselsstack sprangen.
Den Äifer an der topeger Geschicht mat der Fiicht (...firwat gëtt de Josy Braun net ernimmt" ..) ass och net vergiess.
De Problem ass just: Ech ginn net gär an d'Feescht getrëppelt. Hei huet keen "eppes ze meckeren"!!! Hei wollt een eppes drasetzen, well hien, wéi et schéngt, der Iwwerzeegung ass, dat Wuert géif et ginn, wat säi gutt Recht ass. De Fall ass relativ einfach: Virun e puer Deeg huet een, dee sech nawell e bëssen an der Sprooch auskennt, mech ugeruff a mech gefrot, ob "mer" se nach "all hätten". An ob mer eis nëmme wéilte blaméieren. Wat eigentlech schlëmm un der Affär ass: Ech schéngen mat mengem "Meckerer" deen Eenzegen ze sinn, deem dat iwwerhaapt opfält!! Vun Ufank un hunn ech gesot, datt dat néierens ze fannen ass!!! An, sou ganz niewelaanscht, datt ech dat nach ni a mengem Liewen héieren oder gelies hunn, wat awer net juristesch ze verwäerten ass. Elo stellen ech da ganz seriéis d'Fro: Wéi kënnt e Mënsch derzou, e Wuert, dat a kengem Text wäit a breet ze fannen ass, an d'Wikipedia ze stellen. Wat allerdéngs aarmeséileg ass: Net deen, deen dee Kabes do geschriwwen huet ass d'Kallef. Firwat hunn ech "vehement reklaméiert" (net meng Wierder): Wann en erwuessene Mënsch hei eppes draschreift, dat absolut net der Realitéit entsprécht, da kann en dach net herno soen, en aneren hätt him gesot, hie soll dat maachen. Et geet net ëm en Iertum, dee jidderengem geschéie kann. Wéi laang schleeft dee Kabes elo schonns? Deen dat drageschriwwen huet schreift elo vu Fairness, déi hie bei anere vermësst. Wéi solle sech déi aner Wikipedianer vierkommen, wa se, wéi ech, gefrot ginn, wouhier "déi Saach" dra kënnt? Wann een eppes draschreift, dat "speziell" ausgesäit, ass et de gudde Brauch, datt hien dorops opmierksam gemaach gëtt, an domat d'Méiglechkeet kritt, seng Quell, sief se gutt oder net, unzeginn. Déi Daggi-Fro ass scho laang gestallt ginn, an et koum keng Erklärung.
"soss hätt ech dee Lemma guer net geholl.": Kann et sinn, datt dee Saz hei zevill steet? Dat ass eng ganz simpel bëlleg, an an dësem Zesummenhank, nidderträchteg Ligen, déi op eng Fatzbeidelsmentalitéit weist. Et geet, an ech schreiwen dat léiwer eng zweete Kéier, net hei drëm, ob ee sech geiert huet. Et geet drëms, datt elo een, dee sech eppes aus de Fangere gesuckelt huet, net capabel ass ze schreiwen, "Léif Leit, ech hu mech geiert", mee lo zu allem Iwwerfloss mech als Intrigant vun enger "Dolchstousslegend" ( engem an de Réck falen ) ze presentéieren.
An nach eppes: Dat Wuert "meckeren" hat virun "eppes iwwer 60 Joer" seng grouss Zäit; ech verdroen et net.
Sou lo geet et duer. Dat war et, wat nach ze "soe" war.
Well mer schonns en Artikel "Mëlass" hunn, an deem de Benotzer Bouvier50 (a wie soll dat da sinn :-)))) scho vill verbessert huet, setzen ech et "provisoresch" op "Sirop de Liège". Wann ee méi weess ........... --Cornischong 01:27, 10. Mäe 2008 (UTC)


Jo Cornischong du hues Recht, d'Wiel vum Lemma läit a menger eegener Verantwortung.
Am Artikel vum Habschtetunnel hunn ech ganz kloer geschriwwen datt ech mech verflappt hunn.
Mat de Zuel vun de Kräizer vun Hinzert war ech och dohinner, an ech hu se selwer gezielt an steet an der Diskussioiun Hinzert ze liesen. Ech erkläre mech och bereet fir mat engem aneren dohinner ze fueren, op meng Käschten, fir ze beweisen datt, déi Kräizerzuel déi ech opgezielt hu stëmmt, souguer mam Cornischong dee jo och do war, awer sech hei op eng Websäit berifft, déi ech neirens fannen. Les Meloures 10:23, 10. Mäe 2008 (UTC)
Da gëtt et nach Artikelen an deene misst geschriwwe ginn: Léiw Leit ech hunn de Lemma mol geréckelt op ee Wuert dat et och net gëtt. Awer an der Tëschzäit fir datt dat net soll opfalen gëtt emol de Kless zitéiert deen natierlech de Marounebam och net kennt.
Dat war emol keen Iertum mee wëssentlech e falsche Gebrauch vun engem Lemma, vu datt hien de Klees an deeër Diskussioun zitéiert, a ganz genee wees dat deen den Ausdrock net kennt. An dat just vum Cornischong, deen dann, deene anere Leit Virwërf mécht se géife sech Nimm ënner de Zéiwenneel eraussuckelen. Bei esou Saache kann een natierlech net méi soen Léif Leit ech hu mech geiert. Les Meloures 11:24, 10. Mäe 2008 (UTC)