Diskussioun:Sproochwëssenschaft

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"mee wat gëtt "vergläichend", iere "comparé"? - Wéi sot ee vun de Sproochmatesse zu mär: Wa mer am Däitsche näischt fannen, da fanne mer et am Franséischen. Dat leeft a Richtung "Komparativ ...". Wann Een eppes Bessers huet .... --Cornischong 00:40, 29 Mäe 2005 (UTC)

"Kompartive Linguistik" ass och am Däitschen e Begrëff. Mer brauche just den "e" um Wupp ewech ze loossen...

--09:10, 29 Mäe 2005 (UTC)

"Vergleichende Sprachwissenschaft" gëtt et sécher och, e.a. ass dat ee Cours deen op der Uni L. ugebuede gëtt. --Kniwwla 09:42, 29 Mäe 2005 (UTC)

Jo, effektiv, mee dat ass Däitsch an net Lëtzebuergesch. Am Lëtzebuergeschen hu mär bal keng Wierder, déi op -end ophalen. Dofir musse mer eis eng aner Iwwersetzung afale loossen, wéi z.B. "Komparativ Linguistik" respektiv "Komparativ Sproochwëssenschaft". --Otets 12:44, 30 Mäe 2005 (UTC)

"Komparativ Sproochwëssenschaft", dat liicht am Beschten an (an ass nach ganz e bësse méi Lëtz. , mengt de --Cornischong 13:11, 30 Mäe 2005 (UTC) , deen awer och mat der Linguitik liewe kann.

Averstaan. Wéi ass et dann iwerhaapt mat der Nuance Linguistik a Sproochwesseschaft? Ass d Linguistik méi op den Opbau an d Veraennerung aus während d Sproochwesseschaft sech méi mat soziolinguistesch (bon, tass geschass :p) ...eng aner Propose , Propoos? :O --Kniwwla 13:19, 30 Mäe 2005 (UTC)

Tja, chacha, mär wäerten dach elo net dem Plakkapp seng Hoer eenzel splécke goen. Ech hu iwwer dem Schreiwe scho geduecht "et wärt dach elo net nach Ee kommen, dee mat Sprooch"e"wëssenschaft"e" kënnt. Mär mussen oppassen, datt eis Diskussiounssäiten net méi grouss ginn, wéi déi vun den Artikelen!! --Cornischong 13:33, 30 Mäe 2005 (UTC)

Linguistik a Sproochwëssenschaft[Quelltext änneren]

Bei allem Sproochen-hinanhier...ass eigentlech engem opgefall datt mer en dueblen Artikel hunn ? Et gëtt den Artikel Linguistik an et gëtt den Artikel Sproochwëssenschaft. Well béides daat selwecht ass, misst een sech op ee vun deenen 2 Nimm eenegen, Saache regroupéieren, a vun engem op deen aneren e Redirect maachen. Ech wir fir Linguistik als Haaptartikelnumm, well d'Kategorie och esou heescht.

--Briséisβρισεισ 10:20, 2 Abr 2005 (UTC)