Diskussioun:Stëbssuckeler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dass de "Staubsauger" op lëtzebuergesch Stëbssuckler genannt gëtt, doriwwer kann een diskutéieren (ech wier mol gespaant gewuer ze ginn wéi héich de Prozentsaz vun deene Lëtzebuerger ass, déi dat Déngen esou nennen). Mech stéiert éischter dass dëse Stëbssuckler soll e Gerät sinn, en Ausdrock deen e puermol am Text virkënnt. Wann de Staubsauger zevill "däitsch" richt, dann d'Gerät awer garantéiert. Dofir hunn ech déi 2 Ausdréck hei zur Diskussioun gestallt. --Pecalux (Diskussioun) 16:41, 2. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

An der Klack fir eis Sprooch Nr. 206 am L. Wort vum 6. Dezember 2014 S. 54 schreift de Lex Roth och iwwer de Staubsauger resp. Stëbssuckeler. Zitat: "Dofir ass et iwregens net esou wäit dolaanscht, wann dee blöde „Staubsauger“ op Lëtzebuergesch „Stëbsmaschinn“ oder einfach „Stëbsert“ genannt giff ginn … well mir „sauge“ guer a glat näischt; „suckelen“ ass an deem Zesummenhank iwwerdriwwen, well dat sech am Lëtzebuergeschen nëmmen op Flësseges oder Genësseges (eng Suckel) bezitt; dobäi kann ee freche „Suckeler“ och nach eng „an d’Suckel“ kréien." --MMFE (Diskussioun) 11:24, 6. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]