Diskussioun:Swetlana (Virnumm)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

An alle Wikien gëtt Svetlana mat v geschriwwen. Firwat ass d'Lb: Wiki eng Ausnahm.

A firwat gouf d'Homonymiessäit geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:57, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Dat stëmmt net ganz, d'de-wiki an d'pl-wiki schreiwen et och mat "w". Ënnert "Russescht Alphabet" steet firwat: all Sprooch huet hir eegen Transkriptiounsregele vum kyrilleschen Alphabet (just am Englesche gëtt et eng Abberzuel, eleng déi gebräichlechst sinn der hirer 10), an déi lëtzebuergesch Regele si ganz no un deene vum däitschen Duden, wou e kyrillesche "в" eben e "w" gëtt, well de "в" op Lëtzebuergesch och "w" an net "v" ausgeschwat gëtt (datt e Fransous oder en Englänner de "v" an dësem Kontext esou ausschwätzt wéi mär eise "w" läit deemno och op der Hand).
Wann et keen Artikel "Swetlana" gëtt, da lit mer net a firwat et en Artikel "Swetlana (Homonymie)" sollt ginn, dann ass et jo besser d'Homonymiesäit direkt als "Swetlana" dohinzesetzen (soss fënnt jo och kee se wann ee "Swetlana" antippt). Firwat elo net de Virnumm als "Swetlana" do steet, bon, do hunn ech gemat wéi bei August (Virnumm), Charlotte (Virnumm), Lena (Virnumm), Paris (Virnumm), Pascal (Virnumm). Do ass e System derhannert. --Otets 13:31, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]