Diskussioun:Tango (Musek)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech froe mech firwat Kategory Tango (Danz) verschwonnen ass? An dass Tango (dësen Artikel soll iwwert Musek schreiwen) an den Tango (Danz) zesummen gehäit gi sinn, vu dass et jo awer ganz 2 verschidden Themaë sinn. Kann ee mir vlaicht erklären firwat? --Alexandra 13:50, 18 Mee 2005 (UTC)

Mee wéini ass déi da verschwonnen? Am Läschungslog hun ech et net fonnt; oder verstinn ech guer näischt méi? (Da ka jo ëmmerhi sinn) --Cornischong 22:29, 18 Mee 2005 (UTC)

Ech hunn och näicht am Läschungslog fonnt hunn, mee d'Wiki huet an der lescht e bëssen den Hick. Oder huest du d'Kategorie "Tango (Danz)" mam interne Link "Tango (Danz)" verwiesselt? Deen hat ech aus dem Artikel "Tango" geholl, well esou wéi en dee Moment do stong war dat ganzt onlogesch. Entweder mussen den Danz an d'Musek an engem Artikel "Tango" zesumme behandelt ginn, oder den Artikel "Tango" muss eng reng Homonymie-Säit ginn, déi op "Tango (Musek)" an "Tango (Danz)" hiweist. --Otets 23:27, 18 Mee 2005 (UTC)

Sinn ech daat eenzegt waat bei Tango aus alleréischt un en Danz denkt an net un eng Musekrichtung? Wa schon ee vun dene béiden den Haaptartikel soll sinn da sinn ech secherlech fir den Danz. Mee well daat warscheinlech Usiichtssaach ass, schloen ech fir eng Homonymie-Säit ze maachen. D'Kategorien opsplécke ging ech allerdéngs net, mee eng Kategorie bäibehalen déi einfach Tango heescht, sou wéi et lo ass, an dei als Sous-Kategorie vun Danz AN Musekrichtung besteet, waat menger Meenung no fir d'Unzuel vun Artikelen déi dodranner bestoe wäerten fëllegen duer geet. --Briséisβρισεισ 23:47, 18 Mee 2005 (UTC)

Ech denken als alleréischt un déi zwee:-)) --Cornischong 23:59, 18 Mee 2005 (UTC)


Jo, sorry et war den interne Link Tango (Danz) wou ech geduecht hat. Ok, et stong allerdéngs e bessen aleng do, mä den Artikel dozou sollt och nach no kommen..... Tjo :-) Wéi och ëmmer, ech denken zwar och fir d'éischt un den Danz, do muss ech dem Briséis Recht ginn, mä di zwee existéieren nun mol an ech wier schon fir eng Trennung. Dass allerdéngs net vill Artikelen ënnert Tango giffen kommen gesinn ech awer och net esou. Et muss just een se schreiwen, mä Material giff et genug ginn --Alexandra 11:32, 19 Mee 2005 (UTC)

Et muss just een se schreiwen[Quelltext änneren]

Ech si kee gudden Dänzer, mee ech hunn d'Musek gär, an ech war schonns am Gaang, mer Material zesummenzesichen. Et gëtt a leschter Zäit vill ze vill "Aktivismus" hei bedriwwen, deen op Meenunge baséiert a Leit widder de Kapp stéisst. --Cornischong 12:15, 19 Mee 2005 (UTC)

Ma' mer déi Homonymies-Säit dann elo oder net? --Otets 13:41, 19 Mee 2005 (UTC)

Ech sinn dofir --Alexandra 13:52, 19 Mee 2005 (UTC) an ech wär och fir zwou Kategorien --Alexandra 13:53, 19 Mee 2005 (UTC)

Fir d'Kategorie sinn ech keen Expert an hale mech do eraus, mee d'Homonymies-Säit setzen ech dann emol op. --Otets 15:09, 19 Mee 2005 (UTC)