Diskussioun:Tanks

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sprooch. Ech gi mol dervun aus dass mer fier dei meescht Fachbegreffer hei keng offiziel Lëtzebuergesch Variant hunn. Dofier geif ech fierschloe bei spezifesche Begreffer, wei z.b. Infantry Fighting Vehicle net Infanterietanksen ze erfannen. Bei mei allgemenge Begreffer kann een dann Panzer oder Tanken (och fier mech ouni s) benotzen. Iwwregens geif ech och Mörser and net Mortier soen, do as och nach ze söen dass Artilleripanzer och kenne Kanoune dröen. Weider Problemer mat den Definitiounen, ee vun de Belschen T- waar kee Panzer mee eng Anti-Panzer Waff, wees elo grad aawer nët weieen. Ausser bei de Polen si jo sos nëmme puer Panzer (Infanterie, Cruiser etc.) obgezielt, geif do also entweder Botzen oder ausbauen (TD an AD vilaicht bei, plus SP wei M7 Priest, Wespe, Hummel etc.).--Caranorn 23:30, 5. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Hei an der lb-Wikipedia gëtt an der Eenzuel dat Wuert "Tanks", an an der Méizuel d'Wuert "Tanksen" gebraucht. Wann een dat englescht Wuert tank an d'lëtzebuergesch Sprooch intégréiert, misst een dann net "Tank" an der Eenzuel, an "Tanks" oder "Tanken" an der Méizuel schreiwen?--Fliedermaus 11:07, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Henri Rinnen sengem DFL (1988) steet "char de combat: Panzer m., Tank m."--Fliedermaus 14:15, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Am DFL 1. Editioun 2006 steet Tanks. En Tank ass e Behälter vun deem och den engleschen Numm hierkënnt.

Les Meloures 15:54, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Luxemburger Wörterbuch (1975) steet: "Tank M. 1) -wie hd.- in Zussetz.: Benzin(s)-, Fruucht-, Mazout(s)-, Uelegtank; 2) «Panzerwagen» - déi amerikanesch Tanken"

--Fliedermaus 08:09, 16. Jan. 2009 (UTC

Am Artikel Tanks stinn eng 80 rout Linken zënter engem halwe Joer. Hei liesen ech "Dofier geif ech fierschloe" .... "geif do also entweder Botzen oder ausbauen ..." Ech si fir ausbauen. --Cornischong 10:02, 16. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]