Diskussioun:Templeruerden

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nodeems ech e bëssen an der Schreifweis gekniwwelt hat (ouni op eppes Anescht ze kucken, froen ech mech awer bei enger Saach: Wéi kënnt et datt bei Grënnungsmemberen um Ufank vu siwen Aneren, an der däitscher vun aacht an an der Verbesserung vun néng Leit Rieds geet???? --Cornischong 00:05, 28 Jan 2005 (UTC)

"hunn den Hugues de Payens an néng aner fränkesch Ritter zu Jerusalem 1118 d'Militia Christi gegrënnt." Da wieren et jo zéng Grënner gewiescht! An der franséischer an an der däitscher geet Rieds vun néng Grënnungsmembere Rieds!? An dann zum Numm Vum "Hugo": An der franséischer Steet an der Iwwerschrëft "Hugues de Payens", ënnendrënner steet dann "Hughes de Payns ou de Pains". A wann ech an de 5. Band vun der Histoire du Christianisme (bei Desclée) kucken, heescht de Mann Hugues de Payns. Dat ka jo nach heiter ginn :-) --Cornischong 00:46, 28 Jan 2005 (UTC)

Hun gemierkt datt an der däitscher e puer fehler sin, hun do einfach mol den Opbau gekneipt an woar amgaang emzeschreiwen... menges wessen no waren et 9 grennungsmemberen, ech mengen ech hun gugues + 7 geschriwwen, wou ech mech awer verschriwwen hun ^^ ech steipen mech do virun allem op eng Facharbecht déi ech vun engem Prof kritt hun, wollt dofir och net zevill am detail schreiwen, well all wiki an all internetsite rem nees aanerer meenung ass :-P merci datt diuer zwee mier mam torchong hannendrun fuert... beim iwwerliesen vum artikel, wann deen sou hallef färdeg wier, hätt ech villeicht nach deen een oder aaneren fehler fonnt, mee net all eben! --JimHawk 06:20, 28 Jan 2005 (UTC)

Den Hugo an een Hugues ëmzeänneren, war fir mech schon emol logesch, ëmmerhin war et e Fransous :-). Am Vocabulaire historique du Moyen Âge vum Touati steet guer nix iwwert d'Grënnungsmemberen, mee nëmmen datt den Uerden 1118 gegrënnt gouf. Am Dictionnaire de la France médiévale vum Michel Balard steet: Ordre militaire et monastique fondé par deux (!)chevaliers français e 1120... . Ech wees eigentlech am Meeschten iwwert d'Enn vun den Templer, well mir hunn d'lescht Joer de Philippe le Bel gemaach an deen ass jo Schold um Enn vum Uerden. Waat de Paynes oder Payns ugeet, daat wir emol nach séier geregelt mat engem Redirect vun engem op den aneren an am Artikel iwwert de Mann selwer kéint een da schreiwen "Den Hugues de Paynes oder Payns......". Mee wéi gesoot, fir méi feelt och mir d'Fachliteratur an ech hun dofir emol e puer Bicher an d'Bibliographie gesaat (vrun allem den Demurger, ass e Mëttelalter-Spezialist) déi ech zwar kennen, mee déi ech net hei stoen hunn, well wann ech mech net grad mat réimeschen a griichesche Kläppereien ameséieren, sinn ech éischter Modernist (16. - 18. Joerhonnert) an hun hei eng Onmass Bicher zu denen 3 Joerhonnerten. Dobäi fällt mer an, falls een de Mëttelalter-Dictionnaire vum Jean Favier huet, deen ass opallefall 1A, an do ass och en Artikel zu den Templer dran, mee ech hun deen net bei Hand. Ech kann a fréiestens enger Woch méi dono kucken, ech hunn nach 3 Examen (Napoleon, Louis XIV a Karolinger) an en Exposé iwwert d'Schluecht vun Austerlitz ze preparéieren, waat am Moment e bësse firgeet :-) Zum JimHawk: Et ass ëmmer gudd eng Facharbecht ze benotzen, mee et soll een sech ni op eng Quell alleng stäipen well Errare humanum est :-))) Sou, an elo zeréck zum Napoleon a sengem Code Civil *langweileg* :-) --Briséis 09:23, 28 Jan 2005 (UTC)

Jop, wees dat, ech hun déi fachoarbecht, eng fachoarbecht aus dem Internet an 2 relativ seriö websiten, wou ech dann vergläichen... Zu der Grennung, ech hun do emmer nemmen vun 9 grennungsmemberen vun der eigentlecher Militia fonnd... um Konzil zu Troyes ass dann anscheinend gesot gin, datt et dat 9 grennungsjoer wier... mee bon... Dat interessanst kennt jo reicht nach, d'Prozesser ^^ --JimHawk 13:27, 28 Jan 2005 (UTC)

Salut. Ma da looss et emol fluppen. Ech sinn emol gespaant,wéi mer dat quokelegt Thema an de Grëff kréien. Et ass deen éischte Artikel, wou et zu enger "Diskussioun" kënnt. Ech waarden op d'Suite. --Cornischong 14:05, 28 Jan 2005 (UTC)

Moien. Déi Affär mat deem Hugues/Hugo schéngt jo zimmlech interessant ze sinn, an ech wollt och gären e bësse matschwätzen, well den Templeruerden mech schon ëmmer intresséiert huet. Menger Meenung no gëtt den Hugues de Payns awer Hugo genannt, och wann dat net franséich kléngt, fir hien vum Hugues de Champagne ze ënnerscheeden, deen säin Lehnshär gewiecht kéint sinn. Ech si mir awer net secher op dat lo tatsächlech sou ass, an ech hunn och kee Buch bei Hand mat deem ech dat bestätege kann (vill Bicher iwwert d'Templer déi ech gelies hunn, hunn ech geléint;-)). Ech hoffen datt dës Diskussioun fortgesetzt ka ginn, well ech elei mat iwwer dräi Joer Retard heiragerode sinn;-). Bernard Mazouin 11 Nov 2009