Diskussioun:Tourismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Als Tourismus bezeechent een en Openthalt, den net méi laang wéi ee Joer dauert, ausserhalb der alldeeglechen Wunn- an Aarbechtswelt."
"Unter der Bezeichnung Tourismus versteht man alle Reisen, die Privatleute unternehmen, und zwar aus den verschiedensten Motivationen heraus:"
"Pratiquer le tourisme, c'est voyager et résider au moins une nuitée hors de son lieu de résidence habituel."
"A tourist is someone who travels at least eighty kilometres (fifty miles) from home for the purpose of recreation, as defined by the World Tourism Organization (a United Nations body)."
"Een toerist reist en verblijft op plaatsen die niet zijn gebruikelijke verblijfsplaats zijn. Dit is een doel op zich (in tegenstelling tot bijvoorbeeld een pelgrimstocht of zakenreis) en de toerist keert na redelijk korte tijd weer terug naar huis (in tegenstelling tot bijvoorbeeld nomaden)."
Bei der Lëtzebuerger Definitioun denken ech un Een, deen 8 Méint Prisong ofsetzt. Bei der däitscher denken ech un e Lëtzebuerger, deen an Däitschland operéiert gëtt. Déi franséisch ass direkt bescheiden. Déi engleschsproocheg Definitioun ass "terribel" genau, just d'Ëmrechung ... naja. An déi hollännesch denkt zuguer drun, d'Nomaden auszeschléissen, awer en denkt net un déi, déi op enger Plaz bleiwen. Mee, wann een dat alles an en Dëppche geheit ...., da gëtt et engem sou "touristesch" ëm d'Häerz. --Cornischong 23:02, 30 Mee 2005 (UTC)

An der Zäit hunn déi Definitiounen och nach zum Deel geännert. ;-)
Den Duden gëtt eis nei Stëchwierder: "Offall-, Ofdreiwungs-, Polit-, Sextourismus", a mengt, Tourismus wier "Reese fir friem Plazen a Länner kennenzeléieren an/oder fir sech ze erhuelen". Klengt dach net schlecht, oder? --Otets 23:13, 30 Mee 2005 (UTC)

Dat ass schéi fir den Duden, mee dat wat ech zitéiert hunn, dat sinn Definitiounen, vun deenen eng méi abstrus ass wéi di aner. An Een, deen 8 Méint Prisong ofsetzt, ass no eiser Definitioun en Tourist. --Cornischong 23:34, 30 Mee 2005 (UTC)

. Elo net méi, ech hunn eis Definitioun geännert. --Otets 00:02, 31 Mee 2005 (UTC)


"Pratiquer le tourisme, c'est voyager et résider au moins une nuitée hors de son lieu de résidence habituel." Firwat nëtt des einfach franséisch Definitioun an d'Lëtzebuerger Wiki iwerhuelen, natirlech op lëtzebuergesch iwersat

Des Definitioun ass nëtt perfekt, awer et versteet een wat gemengt ass. Dee schreckleche BlaBla oder Kauderwelsch vum éischte Satz aus eiser Wiki ass jo einfach onverdaulech an onverständlech. Johnny Chicago 00:29, 31 Mee 2005 (UTC)


Aha, ganz interessant... ma jidderengem séng Meenung --Alexandra 06:08, 31 Mee 2005 (UTC) fir friem Plazen a Länner kennenzeléieren an/oder fir sech ze erhuelen. An een deen wéinst der Aarbecht reest.... ?? --Alexandra 06:10, 31 Mee 2005 (UTC)

.... ass keen Tourist! Wéi z.B. Piloten, Chauffere vu Fernlaster, Reesender, Leit vu Reesbüroen op Prospektiounsrees, Dokteren vu MsF an Afrika, Politiker op Staatvisite ... Definitioune sinn e kribbelegt Thema :-)) --Cornischong 07:59, 31 Mee 2005 (UTC)