Diskussioun:Uhu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et wier gutt, wann een, dee méi wéi ech vun der Wikikonscht versteet, d'Këscht mat der Systematik géif an d'Rei bréngen. De pdf (Le Hibou grand-duc) gëtt mat dem Sege vun den Auteure publizéiert.--Jamcelsus 18:58, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut Jamcelsus, ass geschitt. D'lb-Wiki huet eng eege Schabloun dofir, déi fënns Du ënnert Schabloun:Infobox Déieren. Congrats fir dee schéinen Artikel, --PlayMistyForMe 19:38, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
@PlayMistyForMe Sorry, do si mir an en Ännerungskonflikt mat der Schabloun komm --Alexandra 19:40, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
@Alexandra, och sorry, wann ech dat gewosst hätt. Wous Du dëch jo do vill besser auskenns, e schéine Bonjour vum --PlayMistyForMe 19:44, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

De franséischen Uhu[Quelltext änneren]

Géint Verbesserwësser ass, wéi et schéngt, kee Kraut gewuess. Nodeems een am TLF nogekuckt huet, fir gewuer ze ginn, wat et mat deem "hibou grand-duc" op sech huet, huet e gesinn datt den TLF dat Déier "grand(-)duc" nennt. Well e sech dat net aus de Fangere gesuckelt huet, gouf en och eng Quell mat Band a Säitenzuel un. Dat schéngt awer keen Androck ze maachen, well dat gouf nees g'ännert. Ouni awer och nëmmen ee Wuert Quell unzeginn.
Dann emol esou gefrot. Geet den "Trésor de la langue française" elo net méi duer? Och den Hanse nennt dat Béischt "grand duc". Deen huet dat léiwer ouni Bindestréch. De Petit Larousse, de Petit Robert, an dem Langenscheidt säi Sachs-Vilatte Iwwersetzungswierderbuch schléisse sech dem TLF natierlech un. E Franséischprof huet mer dat Verbesserwëssen als Moustuckermentalitéit erkläert. Kann et sinn, datt dee Recht huet? Den Dictionnaire de l'Académie hunn ech nëmme bis bei de Buschtaf F; steet den "hibou grand-duc" do?? --Cornischong 00:08, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Hibou grand-duc: Quellen (patriotescher an anerer):[Quelltext änneren]

  • Fontaine, Alphonse de la (1865): Faune du Pays de Luxembourg ou Manuel de zoologie contenant la description des animaux vertébrés observés dans le pays de Luxembourg. [Oiseaux, 1ère partie]. Luxembourg, V. Bück, 152 p. (S. 40: Hibou grand-duc).
  • Ferrant, Victor (1926): Faune du Grand-Duché de Luxembourg. Troisième partie. - Archs Inst. gr.-duc. Luxemb., sect. sci., N.S., 10(1926): 1-320. (S. 103: Hibou Grand-duc, Grand-duc d'Europe).
  • Hulten, Marcel & Wassenich, Victor (1960): Die bekanntesten Vögel Luxemburgs. Bilderatlas der heimischen Vogelwelt. Zweite, erweiterte Auflage. Neubearbeitet im Auftrage des Luxemburger Landesverbandes für Vogelkunde und Vogelschutz. - Ministerium für Nationale Erziehung in Luxemburg (ed.), Bern, Hallwag AG, 80 p. (S. 78: Hibou grand-duc).
  • Klees, Henri (1981): Luxemburger Tiernamen. - Inst. g.-d., Sect. linguist., Luxembourg: 1-131. (S. 56, Nr. 450: Hibou grand-duc).
  • Melchior, E., Mentgen, E., Peltzer, R., Schmitt, R. & Weiss, J. (1987): Atlas der Brutvögel Luxemburgs. Atlas des Oiseaux nicheurs du Grand-Duché de Luxembourg. Atlas of Breeding Birds in Luxembourg. Luxemburg, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, 336 p. (S. 119: Hibou grand-duc a Grand-duc).
  • Mathivet, Eric (dir.) (1993): Encyclopédie Larousse de la nature : La flore et la faune. - Paris, Larousse, XXIV, 370 p. (S. 295: Hibou grand-duc).
  • http://fr.wikipedia.org/wiki/Hibou_grand-duc
  • etc.

--Jamcelsus 08:22, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci. --Cornischong 09:50, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Skulptéierten Uhu[Quelltext änneren]

Moien,

Les Meloures, huel mer et net iwwel, mee ech hunn déi Foto vum skulptéierten Uhu nees eraus geholl. Ech fannen, an den naturwëssenschaftleche Säiten solle méiglechst realistesch Ofbildunge vun Déieren a Planze sinn, an net kënschtlerech Interpreatiounen (Ausnam: ausgestuerwen Déieren - do ginn et natierlech just Schanken an Zeechnugen) oder schematesch (mee naturgetrei) Biller, déi déi verschidden Entwécklungsstadien, Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter, asw. weisen, wéi mer se an ale Floren oder Faune kennen. --Zinneke 11:10, 2. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Kee Problem Les Meloures 14:46, 2. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]