Diskussioun:Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A Propos: Unio'n a letzebuerger Resistenz[Quelltext änneren]

Bal all d'Artikelen iwert d'Letzebuerger Resistenz oder hier Perséinlechkeeten hunn en prinzipiellen Feeler: Den Auteur ass nët richtech ageweit. Déi benotzte Literaur ass iwerflächlech. Den System an d'Iwwersiicht feelen.

Wou bleiwen esou wichtech Perséinlechkeeten wéi den Fernand Léger, den Camille Linden vun Diddeléng an séng Fra Renée Petit (si wor iwrejens spéider mat engem vun den markantesten an meritantesten Resistenzler, de Fernand Schwachtgen, alias "Jean l"Aveugle" bestuert), oder och nach de Franz Frisch (Eedem vun Urbanys Dëm) an esou weider.


De Problem Undenken un d'Resistenz - an un d'Collaboratioun![Quelltext änneren]

Feieren beim Hinzerter Kräiz oder Journée Nationale de la Commémoration sinn wichteg, si droen awer nët derzou bäi, datt eis Kanner an Kanneskanner eng objektiv an hinnen zougänglech Informatioun kréien, iwer déi warscheinlech schwéierst Zäit déi eist Ländchen je duerchgemat huet. Verschidden Organismen kemmeren séch zwar ëm déi Saach; mais si hunn et nach net emol zou énger Internetsäit bruecht. Schon déi Jugendlech vun haut - d'Enkelen vun den Helden an Zeien vun deemols - kënne mat "der Resistenz" am groussen ganzen näischt méi ufänken. Dobei sinn déi wichtechst Zäitzeien schon doutt oder um Ausstiewen.

Ech hat well laang welles eou eng Internetsäit ze starten, blouss feelen mir d'Mettelen dozou (soll et dann nët irjendeen Budgetsposten dofir ginn oder en Minister denn séch fir d'Saach géif asätzen???) An den Thema as och munchmol heikel. Well nach koum net alles op d'Tapéit. Et wärt nach matt den Zänn missen gegrätscht ginn.

Domatt salut gesot (nëmmen nët "äddi", soss as een geschwen dout: "ad Deos") oder, wéi se haut soën: Mir gesinn eis. An ësem Fall woul éischter: Mir schreiwen eis.

(Telefonsnummeren a Mail-Adress emol erausgeholl --Cornischong 09:57, 1 Februar 2007 (UTC)) --JimLinden 01:46, 1 Februar 2007 (UTC)