Diskussioun:Vältesdag

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien, e puer Froen:

  • Firwat gouf de Vältesdag op Välteschdag geréckelt? De Grond "cf. L.W." ass e bësse moer.
  • Firwat gouf Vältesdag da net am ganzen Artikel g'ännert?
  • Firwat gouf den Artikel ënnert d'Kategorie Feierdeeg gesat, wou et jo nëmmen e kommerziell opgepeppten Namensdag ass? Deemno wieren Helloween, Niklosdag, Bärbelendag, Gehansdag asw. jo och Feierdeeg? --Pecalux (Diskussioun) 06:34, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ech änterwen alt mol op déi Froen déi meng Aktioun betreffen:
  • Bei ons doheem gouf ëmmer Välteschdag an Haupeschdag gesot. Ech hunn an all de bekannte Wierderbicher nogekuckt an och just d'Konfirmatioun fir de Välteschdag an Haupeschdag fonnt. Ech hunn ugeholl dat misst als Referenz duergoen, besonnesch well ech a kengem vun de Bicher déi mir zur Verfügung stinn de Vältesdag oder säi Redirect de Veltesdag fonnt hunn. An engem gëtt awer och de Vëlten ernimmt. Fir Välteschdag ass deemno zwar de Grond moer, mä fir déi aner awer anscheinend nach méi.
  • Beim Änneren am Artikel selwer war ech ënnerwee opgehale ginn an et war mer duerno aus de Gedanke gerutscht. Merci datt ech drun erënnert gouf. Et gëtt direkt nogeholl.

--Les Meloures (Diskussioun) 07:32, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]