Diskussioun:Vanderlei Luxemburgo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Bekannt gouf en ënnert dem Numm Wanderley Luxemburgo .. " Huet de gudde Mann dann nach aner Nimm? An: "Luxemburgo" huet dat eppes mat Lëtzebuerg ze dinn? Villmols Merci am Viraus. --Cornischong 12:08, 24 November 2005 (UTC)

Froen iwwer Froen[Quelltext änneren]

An ech froe mech: wéi kann een doduerch, dass een d'Schreifweis vu sengem glungene Virnumm geringfügeg ännert, ee Joer méi laang Jugendspiller bleiwen?? --Zinneke 12:36, 24 November 2005 (UTC)

"..Numm Wanderley Luxemburgo, deen e mat 19 Joer gebraucht" - Da gebraucht en e jo haut net méi!? Leeft deen haut ouni Numm dorëmmer?
An: "Vanderlei"; staamt deen Numm och vum Lëtzebuergeschen of? Well hei si vill Flouernimm (op der Lay, ...) aus deem Eck? --Cornischong 12:53, 24 November 2005 (UTC)

kaum Lëtzebuerg, mee net wäit ewech: "van der" ass eendäiteg aus den nidderdäitsche Sproochraum (also Holland, oder esou) Z.

"gouf e vun der IFFHS zum .." Hei "Kuddelfleck", do "IFFHS". Ech verstinn de Carlos, den Niveau klëmmt. --Cornischong 13:03, 24 November 2005 (UTC)

Lo stellt sech an der en-Wikipedia eeraus, datt de Mann soll "Vanderlei Luxemburgo da Silva" heeschen.
Op ( http://www.fussball24.de/fussball/4/57/58/9760-luxemburgo-ein-trainer-zwei-namen%C2%A0 ) gi mer nach gewuer, datt "Die Version «Wanderley» benutzt er allerdings noch bei Autogrammen." Soss ass awer alles an der Rei? --Cornischong 13:13, 24 November 2005 (UTC)

Heielei, Vanderlei. Do schéngen ech jo en Nerv getraff ze hu mat deem Artikel. Leider kann ech och no intensivem Googelen näicht weider iwwert d'Genealogie vun deem Mann soen. --Otets 16:19, 24 November 2005 (UTC)