Diskussioun:Veianer Bildchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D'Veianer Bildchen ass eng Madonnestatu an duerch Abstraktioun e Madonnepilgeruert bzw. eng Kapell bei Veianen.": Et géing mech wonneren, wann een d'Bildchen mat Hëllef vun där Beschreiwung fënnt. --Cornischong 15:27, 30. Mäe 2008 (UTC)

Moien,
Op der topographescher Kaart fënnt een am Bonzelsbierg eng Plaz mat dem Numm Bildchen. Steet d'Kapell och op deeër Plaz. Eng Informatioun dozou wier net schlecht. Les Meloures 18:28, 30. Mäe 2008 (UTC)


Just eng Info zu Spamkreechen. Ech hat dat net wéinst de Reklammen dragesat mee wéinst deene puer Informatiounen iwwer d'Kapell déi mer net am Artikel bei ons fannen.

The Bildchen Chapel stands in woods on a hill above Vianden Castle. It was built in 1848 and inside is the lower part of the altar from Vianden Castle. Every year there is a pilgrimage to this chapel. It takes place on the first Sunday after the 16th of August when Vianden`s congregation makes its way to the miraculous statue of Our Virgin of the Bildchen. Breathtaking views can be enjoyed from the site of the chapel. It can be reached by walking through the woods from the castle, or the top of the chairlift, or from the Indian Forest.

Do gi mer zum Beispill och gewuer wéi een dohinner kënnt. Wie soll dat awer nokucken an eventuell an den Artikel setzen Les Meloures 19:15, 30. Mäe 2008 (UTC)
Do wou deen Text hierkënnt stin eng partie falsch Info'en (http://www.aluxembourgattraction.com/luxembourg-attractions/bildchen-chapel.htm): Sou ass z.B. d'Bildchen nët 'above the castle', mais méi wéi 1 km wäit ewesch a Richtung Bivels. D'Lokalisatioun op Google maps ass iwrigens op deem site komplett falsch, de Pfeil weist op déi 10. Maschion vun der SEO. Enf Fro: kann een am Wikipedia Google maps direkt abannen? --Christian Ries 17:38, 31. Mäe 2008 (UTC)
Ech hunn dann zu de Spamsäiten nach eng Fro: Wéini ass eng Säit eng Spamsäit? Wann een direkt eng Reklam drop gesäit oder eréischt wann een eemol oder zweemol weider geklickt huet? Am zweetleschten, a leschte Fall hu mer dann nach eng ganz Parti deeër Säiten do stoen och wann dat op den éischten Bléck net sou opfällt. Wie soll déi all nokucken, freet sech de Meloures

Hei just e Beispill:

Wann ech op dëse Link klicken kréien ech en Trailer vum Film Léif Lëtzebuerger. Wann ech dann uewen op de Reider Partners klicken, kënnt dës Säit, vun deeër aus een op dës Säit kënnt, déi menger Meenung no eng Reklamssäit ass. Dofir d'Fro: wou fänkt de Spam un a wou hält en op? Ech hëllefe gären an deeër Saach Spamsäite raumen, wa mer dat definéiert hunn. Les Meloures 20:06, 30. Mäe 2008 (UTC)

Lokalisatioun[Quelltext änneren]

Ech këmmeren mëch dorëms, ech gin dës Woch nach méi oft do spazéieren a wunnen no bäi. Ech wärt nach vill weider Info'en drop setzen, mais dat brauch och Zäit...

--Christian Ries 21:02, 30. Mäe 2008 (UTC)

Merci fir d'Äntwert Les Meloures 21:30, 30. Mäe 2008 (UTC)