Diskussioun:Voodoo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Soll scho säit bal dräi Joer iwwerschafft ginn. Do stinn e puer Saachen dran, déi net richteg schéngen. Also alt erëm en Artikel deen ee besser géing läschen. Well dat jo souwisou net wärt geschéien, hei e puer Remarken fir wann tatsächlech een deen hei Artikel verbessere sollt:

  • "eng Relioun dei ursprénglech aus Ost-Afrika kënnt": Wirklech? Duerfir wir eng Source net schlecht, ech hunn der bis elo nëmme fonnt déi soen et géif aus Westafrika oder Zentralafrika kommen.
  • "Ausserdeem gëtt et en och an Nordafrika (ënner liicht anere Formen)": Wéi heescht en do? A wéi wäit kann een en nach als Voodoo bezeechnen?
  • "Weltwäit huet de Voodoo ongeféier 50 Milliounen Unhänger.": Source?
  • "Et ass ee Geheimnis wat Waasser, Feier, Wand, bestëmmte Planzen, d'Python, bestëmmt Déieren, Quallen, d'Mënschen, souwéi de Kapp vun all Mënsch oder och vu Friemen." ???????
  • "Nach ëmmer pecht um Voodoo de Geroch vun der Sklavespiritualiteit": Dat heeschen näischt...
  • am Allgemengen: bei sou engem Artikel wier et gutt wéinstens e puer wëssenschaftlech Quellen unzeginn

--Bdx (Diskussioun) 09:09, 24. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]