Diskussioun:Vulle vum Séi Stymphalos

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"an huet him eng Klapp ginn": A wat ass dat dann?? --Cornischong 12:28, 29. Dez 2007 (UTC)

Gudde Moien,
Ech hu wéi ech verbessert hunn, vu Klapper (copie/paste de:Wiki ?) op Klapp verbessert, well dat mer emol méi lëtzebuergesch virkomm ass.
Fir de schwaarze Péiter net a mengem Camp ze behalen setzen ech et dann emol op d'Klapper zréck.
Vläicht gëtt et eng besser Iwwersetzung. Les Meloures 14:38, 29. Dez 2007 (UTC)

Konkurrenz fir den Ernst Jandl[Quelltext änneren]

Wann et am Däitschen eng Klapper ass, dann ass et bei eis eng Klibber. Hei gi Wierder mat den Oueren aus dem Zylinder gezunn, bei deene just kee weess, wat se da bedeite sollen. Ech sinn der Meenung, mer solle mat deem Gedeesems ophalen. --Cornischong 16:31, 29. Dez 2007 (UTC)

Si mer hei an der pingonesescher Wikipedia?[Quelltext änneren]

"Doropshin ass dem Herakles d'Gëttin Athene erschéngt": Mol eng Fro: Si mer hei an der pingonesescher Wikipedia? --Cornischong 16:35, 29. Dez 2007 (UTC)


erschéngen --> erschéngt Verbebichi Säit 121. Hunn ech do vläicht eppes net richteg vestanen. Les Meloures 17:49, 29. Dez 2007 (UTC)

Weess ee méi?[Quelltext änneren]

" Héraclès les effraya au moyen d'un gong de bronze fabriqué par Héphaïstos," Dat steet ënner anerem an der fr-Wikipedia, déi natierlech keng Quellen ugëtt. Ka w.e.g. mol ee mer literaresch Quellen vun der "Geschicht" uginn, well lo gëtt et mer zevill? --Cornischong 16:45, 29. Dez 2007 (UTC)

Oder dach net ?[Quelltext änneren]

A wann ech mer den Artikel Dodekathlos sou ukucken, da war dat alles natierelch nach méi anescht, dat war jo déi Zàit wou d'Vullen nach "Klauen" haten. Wéi sot de Karl Marx? "O Muse, o alto ingegno, or, m'aiutate". --Cornischong 16:55, 29. Dez 2007 (UTC)

Alles duebel ?[Quelltext änneren]

Gudde Moien:

Maache mer alles duebel. Hei een Artikel iwwer d'Doten, an dann nach all Dot eng Kéier eenzel mat praktesch deemselwechen Text. Hat ech den 22. Dezember am Artikel Dodekathlos gefrot. Les Meloures 17:38, 29. Dez 2007 (UTC)

D'Fro ass hei maache mer et duebel oder net. Ass dat ze verstoen ouni datt ee sech verliest? Les Meloures 17:43, 29. Dez 2007 (UTC


Nach eng Fro[Quelltext änneren]

Ass et an der Lescht op dëser Wiki wierklech net méi méiglech, datt wann e Feelere gesäit mol probéiert fir se einfach ze verbesseren ouni grousst Getalks opzeféieren a Kommentairen opzeféieren.. Wann den Talk an d'Kommentairen d'Haaptzil sinn da kritt der der sou vill wéi der der gäeren hätt. Artikele sti genuch zur Verfügung. Les Meloures 18:41, 29. Dez 2007 (UTC)