Diskussioun:Wäitwénkelobjektiv

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn." huet en Administrator iwwer den Artikel vun engem aneren Adminstrator gesat. Ech verstinn dat net: "Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn": Ech gesi keen Tiipp- a kee Schreiffeeler. "net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf": Den Auteur huet sech pipeg genee un d'Wikipedia-Formatéierung gehalen. " datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, ": All Wikipedia, déi eppes op sech hält, huet en Artikel iwwer Wäitwénkelobjektiven/r. Just, wat ass e "Kriter"? --Cornischong 09:05, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,
Mol d'éischt eng Fro: Wien ass deen aneren Administrator vun der lb:Wiki deen den Artikel soll geschriwwen hunn?


Dann zum Artikel. Am Saz steet:

E Wäitwénkelobjektiv ass en Objektiv mat kuerzer Brennwäit.

Ass dat d'Definitioun vun engem Wäitwénkelobkektiv? Ech gleewe kaum. Schliislech heescht et Wäitwénkelobjectiv. An et gëtt sou wäit wéi ech weess nach Objectiver mat kuerze Brennwäiten déi net sou heeschen. Mer gi mol net gewuer firwat et esou heescht.

Wann déi Definitioun korrekt soll sinn, da wier déi Heiten z.B. och korrekt: E Wäitwénkelobjektiv ass en Objektiv mat enger spezieller Lëns. Op déi Manéier kënne mer eng etlech Artikele maachen ouni datt mer gewuer ginn ëm wat et sech eigentlech dréint.

Et brauch och elo kee mer ze soen da soll ech et änneren, oder besser maachen? Wann ech dat an engem Artikel wëll maachen da setzen ech net iwwerschaffen driwwer. Les Meloures 10:04, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


@ Cornischong
Op dëser Säit steet eppes dat dech vläicht intresséiert.
Les Meloures 10:28, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]