Diskussioun:Wëllem III. vun Holland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann ee mer erklären, wat den Ënnerscheed vun Holland an Niederlanden ass? So lo keen, Holland wier eng Provënz vun den Niederlanden. Op Lëtzebuergesch ass Holland nämlech eng Provënz vun Holland, oder, anescht ausgedréckt, Holland ass e Land mat enger Provënz Holland. --Otets ♣ 19:14, 2 November 2005 (UTC)

Léif Leit. Ech fäerten déi Diskussiounen iwwer d'Herrschernimm, Peepstnimm, an d'Niederlanden. Et dauert sécher net méi laang a mer kréie mat der "flämescher" Molerei ze dinn, a mat enger ganzer Equipe Moler a Schrëftsteller, déi flämesch (oder "flamännesch") geschriwwen hunn oder bei d'flämesch Molschoul vum Menni oder dem Jenni gerechent ginn. An da musse mer jo drun denken , datt Flämesch an Hollännesch jo net datwelwecht ass! No Halloween och nach dat! :-) An der däitscher zerklappen se sech doriwwer ob de Mozart en "Däitschen" oder en Éisträicher war, an dat schonns iwwer e Joer. Prost dann! --Cornischong 19:43, 2 November 2005 (UTC)

Eng Äntwert am Genre vun "Niederlanden ass falsch, et misst Holland sinn" oder "Niederlanden ass richteg, well heimadder ass net d'Land Holland gemengt, mee..." wier mer u sech duergaangen, aner Diskussiounsgeeschter wëll ech guer net wakreg maachen. --Otets ♣ 20:05, 2 November 2005 (UTC)