Diskussioun:Waasserlandung

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Waasserung ass dat e Wuert wat geleefeg am Lëtzebuergeschen ass? --87.67.238.214 10:55, 2. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, "geleefeg" ass et sécher net, well déi Plazen a lëtzebuergeschsproochege Géigenden, wou een dat kéinnt maachen, dach éischter rar sinn. Anerersäits ass et morphologesch a semantesch "schlësseg" an ze verstoen, an ech wéisst och net, wéi een dat soss géif nennen. Wann et sollt ze vill als Neologismus 'opstoussen', setzen ech emol d'Schabloun "Neo" drann. --Zinneke (Diskussioun) 11:44, 2. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien och, mir hunn alt fréier Waasserlandung gesot, a jiddweree wousst wat et wier. D'Fligere sinn um Waasser gelant an hunn net gewaassert. Dat Waasserung kënnt mir perséinlech zimmlech transmuselanesch verwässert vir. D'Englänner soen och water landing an net ''watering. Fir d'Hollänner ass et landing op zee an och net watering. --87.67.238.214 12:11, 2. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


N'Owend,
Ech hu mer emol d'Méi gemaach fir am Internet ze sichen wou dat Wuert am Däitschen opdaucht. Sou wäit wéi ech do erausfonnt hunn gëtt et net vill (quasi null) Referenzen op e klasseschen Dictionnaire, an d'Online-Dictionnairen déi ech fonnt hunn betruechten et als Synonym zur Wasserlandung. Et ass net d'Missoun vun der Wikipedia fir nei Wierder z'erfannen, besonnesch wann et schonns eent gëtt wat gläichwäerteg ass. Dat heiten zitt dann och nach d'Verb waasseren hanneru sech, wat mir perséinlech och ganz korjéis virkënnt. D'Verbebichi kennt et op jiddwer Fall och net. Ech verstinn och net firwat mer sollen esou en transmuselanescht Wuert wëllen onbedéngt verlëtzebuergeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:47, 2. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]