Diskussioun:Yolanda vu Veianen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"mee heemlech dreemt hatt scho vu kleng un dovunner, fir an d'Klouschter anzetrieden." Nondikass, do ass awer ee gutt informéiert! An deen zielt eis, wat d'Yolande "heemlech gedreemt" huet. A mär sollen dat och nach gleewen. Kommt, mer bleiwe léiwer bei der Wourecht. --Cornischong 23:01, 17 Mee 2007 (UTC)

Hatt oder si ?[Quelltext änneren]

Bis viru kuerzem ass d'Yolanda an dësem Artikel ëmmer mat "si" ugeried ginn (1258 gëtt si Priorin vu Mariendall), zënter hënt ass si en "hatt" (1258 gëtt hatt Priorin vu Mariendall). Ass net iergend eng Kéier definéiert ginn dass mer déi weiblech Personnagen och grammatesch als weiblech betruechten? Deemno wier "si" richteg an "hatt" falsch. Oder hunn ech do erëm eppes net richteg matkritt? --Pecalux 03:32, 18 Mee 2007 (UTC)

Mat 14 Joer ass kann een nach vun "hatt" schwätzen, méi spéit wir ech och fir "si". Mee dovunner ofgesinn ass deen Artikel hei zimmlech quokeleg: "Historesch" wësse mer just (wann iwwerhaapt?), datt et dat gutt Yolande ginn huet, an dass et d'Duechter vum Grof Souansou war, a Priorin vum Mariendall. De Rescht ass dat, wat de Yolanda-Epos eis verzielt; dozou zielen och déi "heemlech Dreem" a "Wënsch", déi natierlech idealiséiert a mam Zil, hiert Liewen als "exemplaresch" duerzestellen, beschriwwe ginn. Fir dass den Artikel serieux ze helen ass, muss also däitlech gemaach ginn, wat fir Informatiounen "objektiv" sinn, a wat fir Ëmschreiwungen aus der literarescher Idealisiéierung vum Brudder Hermann sinn.
Et wier dofir gutt, wann deejéinegen, deen den Artikel ausgebaut huet (merci dofir), dat mat klengen Zousätz ewéi "dem Yolanda-Epos no hätt si ..." oder "wéi vum Brudder Herrmann beschriwwen..." ergänzt ginn, sou datt Fakten a Fiktioun kloer z'ënnerscheede sinn. --Zinneke 10:45, 18 Mee 2007 (UTC)
Just eng kleng Bemierkung zu den Uriede vun de Persouenen. Mer hunn dee Problem net nëmmen an dësem Artikel. Meng Meenung ass, datt wa mer mengen eng Persoun wir sou wichteg, datt se een Artikel verdéngt huet, soll een dat och mat deem Anstand maachen deen déi Persoun verdéngt, also an der Héiflechkeetsform. An der männlecher Form ass dat jo méi einfach, do ass et ëmmer hien. An der weiblecher Form schwätze mer zum allerdachste vu Persouenen déi erwuesse sinn, déi mer och soss net net géifen als hatt bezeechnen. Fir d'Situatioun an engem Artikel ze vereinfachen géif ech proposéieren ëmmer de Si ze gebrauchen. Da brauch den hatt oder si och net bannent dem Artikel geännert ze ginn wann déi Persoun am Laaf vum Artikel méi al gëtt. Bei sou adlege Läit déi souwisou schon am jéngsten Alter gedierzt ginn, wir dat menger Meenung no, nach méi selbstverständlech. Les Meloures 20:30, 18 Mee 2007 (UTC)
Merci Les Meloures fir däin Avis. Ech schléisse mech denger Meenung un. --Pecalux 07:31, 19 Mee 2007 (UTC)
Wat soll daat heeschen Déite mer net besser e puer Artikel schreiwen amplaz hei ze idderzen Mengt hei een de Les Meloures géif net genuch schreiwen oder wéi ass dat gemengt. Sou Kommentare ginn engem sou lous op de Saak fir et net nach méi däitlech auszedrécken . An domat Äddi fir dës Woch. Les Meloures 08:13, 19 Mee 2007 (UTC)

Wat ee mengt[Quelltext änneren]

"Mengt hei een ..." Hei mengt just een, datt et iwwerflësseg ass, fir bal 500 Wierder néideg ze hu fir auszedrécken, datt et richteg ass, am Fall vun der Yolanda, "si" als Pronomen ze gebrauchen. Nach kee Mënsch huet de Géigendeel behaapt, ausser een, dee geduecht huet, am Fall vun engem 14 Joer ale Meedchen "kann een nach vun "hatt" schwätzen". --Cornischong 12:06, 19 Mee 2007 (UTC)

Just eng Kloerstellung: Rendvéierer idderzen. Wann dann de mengt mir wieren dat.? abbee Merci Les Meloures 12:28, 19 Mee 2007 (UTC)

Sou, ech hunn d'Yolanda-Säit elo mol nei geschriwwen, ëmer brav "si" an net "hatt" gesat (och wa mir dat anert besser gefällt) a versicht, Fiktioun an dat Gewosstent ze trennen. Zefridden? :-) Apropos, léif Cornischong, ech hu gefrot wéinst enger Foto vum Codex, mee dat ass leider net méiglech, fir eng an d'Wikipedia ze setzen :-( 't ass sou eng Copyright's geschicht, deet mer echt leed. Florence Berg 21:58, 2 September 2007 (UTC)

Merci fir d'Beméiung. --Cornischong 22:04, 2 September 2007 (UTC)