Diskussioun:Zoran Đinđić

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Zoran Djinjic vun enger Scharfschützekuggel an d'Haerz getraff." - An der däitschsproocheger Wikipedia liesen ech: "durch von Scharfschützen abgegebene Schüsse in Bauch und Rücken ermordet".
"Den Zoran Djinjic huet excellent Studien an Daitschland hannerluecht. Enneraanerem war en Student enert dem Jürgen Habermas, an huet och op der renoméierter Universitéit vun Konstanz studéiert." liesen ech hei. An der däischsproocherger stee emol wat den Đinđić iwwerhaapt studéiert huet.
" Kuerz virun sengem Doud ..sot hien "Et kann een mech embrengen mee meng Iddien waerten mam serbeschen Vollek weiderlierwen an et kann keen d'Land stoppen op sengem Prozess fir méi Reformen an méi Demokratie" Dat ass en direkt Zitat, wouhir staamt dat? Et wier gutt ze wëssen, duerch wat dat Zitat beluecht ass.
" ....Fréi dreemt hien vun enger Besserer Zukunft an sengem Heemechstland,.." - Op watfireng Manéier ass bekannt, wat de Mann "fréi" gedreemt huet?
".. spetzeg gemaach" - Dat Wuert ass net am Luxemburger Wörterbuch ze fannen.
"Mehrere Verdächtige wurden bei der Festnahme erschossen. Als Haupttäter wurde das Mitglied einer Spezialeinheit des Innenministeriums Zvezdan Jovanović festgenommen. Am 2. Mai 2004 stellte sich auch der Drahtzieher Milorad „Legija“ Luković. Er ließ sich in der Nähe seines Hauses in einem Belgrader Vorort festnehmen." lisen ech and er däitschsproocheger Wikipedia. Dat schéngt mer wichteg.
--Cornischong 10:49, 3 Dezember 2005 (UTC)

D'Zil vun de Schëss variéiert, je nodeem op een der de-wiki oder der en-wiki gleeft. Den Djindjic huet tatsächlech eppes an deem Genre viru sengem Doud gesot (cf. en-wiki), mee eng wiertlech Iwwersetzung war dat net. --Otets 05:56, 4 Dezember 2005 (UTC)