Diskussioun:Zwak (Mythologie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"fënnt zënter kuerzem nees eng gréisser Verbreedung duerch d'Iwwersetzung vum Klengen Hobbit.": Dat liest sech allerhand mysteriéis. Ëm watfir eng Iwwersetzung geet et iwwerhaapt? --Cornischong 15:59, 14 November 2007 (UTC)

Majo,

ech si mer es zwar net ganz sécher, mee ech mengen datt dem Henry Wickens seng Iwwersetzung aus dem Engleschen vum The Hobbit (J.R.R. Tolkien) mëttlerweil scho vergraff ass. Et gouf och emol en Internetsite iwwert Auteur a Wierk, déi ass awer och leider net méi online ... mee firwat gëtt et d'Wayback Machine wann net fir esou Saachen: http://www.den-hobbit.com/ - de 9. Juli 2006. Do steet esou muenches ... Avis aux amateurs :) Kaffi 23:12, 14 November 2007 (UTC)

Da soll een dat an den Artikel draschreiwen! Wann do steet,"zënter kuerzem", an et geet ëm e Buch , dat scho laang vergraff ass, dann ass dat Ganzt Kabes. Wann do vun "d'Iwwersetzung vum Klengen Hobbit" Rieds geet, muss da jiddereen nuets mam Spuet an d'Morguë kucke goen? --Cornischong 23:32, 14 November 2007 (UTC)