Distrikt Sant Martí

Vu Wikipedia
Den Distrikt Sant Martí zu Barcelona

Den Distrikt Sant Martí ass e vun 10 Distrikter vun der Stad Barcelona a Spuenien.

Et ass den Distrikt Nummer 10 a läit am Nordoste vun der Stad. E grenzt un d'Uertschaft Sant Adrià de Besòs an un d'Distrikter Ciutat Vella, Ensanche, Horta-Guinardó a Sant Andreu.

Den Distrikt Sant Martí huet eng Fläch vun 10,8 km².

Zum Distrikt gehéieren d'Staddeeler Verneda, Clot-Camp de l'Arpa, Poblenou a Barri del Besòs.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Distrikt Sant Martí – Biller, Videoen oder Audiodateien