Django Asül
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Django Asül ass de Kënschtlernumm vum Ugur Bagislayici (op Tierkesch Uğur Bağışlayıcı), gebuer den 19. Abrëll 1972 zu Deggendorf an Nidderbayern. Hien ass e bayeresche Kabarettist mat tierkeschen Originnen.
Den Django Asül spillt bei sengen Optrëtter virtuos mam Géigesaz tëscht sengen Originnen a sengem echten nidderbayereschen Dialekt. Op déi Manéier ass et him méiglech, tierkesch Eegeschaften op d'Schëpp ze huelen, ouni "rassistesch" ze wierken.
Hien ass tierkesche Staatsbierger.