Dobra (Währung vu São Tomé a Príncipe)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Economic template.svg Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Dobra (gekierzt "Db") ass déi offiziell Währung vum zentralafrikaneschen Inselstaat São Tomé a Príncipe. Den ISO-4217-Code ass "STD" a steet fir São Tomé Dobra.

Den Dobra gouf 1977 agefouert an huet den Escudo 1:1 ersat. D'Zentralbank vu São Tomé e Príncipe (Portugisesch: Banco Nacional de São Tomé e Príncipe) ass fir d'Währung verantwortlech.

Een Dobra gëtt theoretesch an honnert Zantimer ("cêntimos") agedeelt, d'Inflatioun huet dëst an der Tëschenzäit iwwerflësseg gemaach.

All d'Mënzen droen um Avers (viischt Säit) de Landeswopen an um Revers (Récksäit) den Text Aumentemos a Produção ("Steigere mer d'Produktioun").