Dogma 95

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dogma 95 ass e filmescht Manifest vun ënner anerem dem Lars von Trier.

Introductioun[änneren | Quelltext änneren]

Et war am Mäerz 1995, zu Paräis. De Film huet grad säin honnertste Gebuertsdag gefeiert, an all déi grouss an dichteg Filmleit hunn zesummen gesiess an iwwer Filmer a Kino philosophéiert. Wier do net sou en duerchgeknalltenen Dän duerch den Odéon Theater, Schauplaz vun den Festivitéiten, gelaf an hätt rout Ziedelcher verdeelt an duerch d'Loft gehäit, ob deenen e Manifest stoung. Dat sougenannte Keuschheitsgelübd, den Dogma95. Vill Leit hunn déi Aktioun vum nach relativ jonke Lars von Trier fir e Witz gehalen. E Witz, dee kee war...

D'Manifest[änneren | Quelltext änneren]

"I swear to submit to the following set of rules drawn up and confirmed by DOGME 95:
  1. Shooting must be done on location. Props and sets must not be brought in (if a particular prop is necessary for the story, a location must be chosen where this prop is to be found).
  2. The sound must never be produced apart from the images or vice versa. (Music must not be used unless it occurs where the scene is being shot).
  3. The camera must be hand-held. Any movement or immobility attainable in the hand is permitted. (The film must not take place where the camera is standing; shooting must take place where the film takes place).
  4. The film must be in colour. Special lighting is not acceptable. (If there is too little light for exposure the scene must be cut or a single lamp be attached to the camera).
  5. Optical work and filters are forbidden.
  6. The film must not contain superficial action. (Murders, weapons, etc. must not occur.)
  7. Temporal and geographical alienation are forbidden. (That is to say that the film takes place here and now.)
  8. Genre movies are not acceptable.
  9. The film format must be Academy 35 mm.
  10. The director must not be credited.

Furthermore I swear as a director to refrain from personal taste! I am no longer an artist. I swear to refrain from creating a "work", as I regard the instant as more important than the whole. My supreme goal is to force the truth out of my characters and settings. I swear to do so by all the means available and at the cost of any good taste and any aesthetic considerations. Thus I make my VOW OF CHASTITY." Copenhagen, Monday 13 March 1995

On behalf of DOGME 95

Lars von Trier, Thomas Vinterberg
"Ech schwieren de folgende Regelsaatz vun DOGME95 ze benotzen:
  1. Dréie muss op der Plaz geschéien. Requisiten a Modeller däerfe net benotzt ginn. Wann eng Zeen e bestëmmten Zeenario erfuerdert, muss do gedréit gi wou een dee fënnt.
  2. Den Toun däerf nimools onofhängeg vum Film produzéiert ginn oder emgedréint. (Et däerf keng Musek virkommen, ausser d'Musek leeft an der Zeen beim Dréien)
  3. D'Kamera muss vun Hand gehale ginn. All Stänner a Steadycam ass verbueden. (Et gëtt net gedréint wou d'Kamera steet, d'Kamera steet do wou gedréint gëtt)
  4. De Film muss a Faarf gedréint ginn. Kënschtlech Liicht ass net erlaabt. (Wann ze wéineg Liicht fir d'Beliichtung do ass, muss d'Zeen geschnidde ginn oder eng eenzeg Luucht däerf un d'Kamera montéiert ginn)
  5. Optesch Filtere si verbueden.
  6. Am Film däerf keng iwwerflächlech Handlung virkommen. (Morden, Waffen,...etc sinn net erlaabt)
  7. Zäitlech a geographesch Verännerunge si verbueden. (Dat heescht de Film spillt hei an elo).
  8. Genrefilmer sinn net akzeptabel.
  9. D'Filmformat muss Academy 35mm sinn.
  10. Den Regisseur däerf net ernimmt ginn.

Doriwwer eraus schwieren ech als Regisseur, perséinleche Goût z'ennerdrécken! Ech sinn net méi länger e Kënschtler. Ech kreéiere kee Wierk méi, well de Moment méi wichteg ass wei dat Ganzt. Mäin iewescht Zil ass et, d'Wourecht aus menge Charaktèren an Zeenen ze forcéieren. Ech schwieren dat mat alle Mëttelen a géint esthetesch a geschmackvoll Decisiounen. Domat maachen ech mäi Keuschheitsgelübd." Kopenhagen, Méindeg, den 13. Mäerz 1995.

Fir Dogma95,

Lars von Trier, Thomas Vinterberg

D'Käpp hanner Dogma95[änneren | Quelltext änneren]

Den Thomas Vinterberg, 2010

Lars von Trier[änneren | Quelltext änneren]

De Lars von Trier heescht eigentlech Lars Trier. De "von" huet e sech spéider ugëeegent. De Lars von Trier ass en zimlech egozentresche Mënsch a fält ëmmer erëm op duerch absurd Iddien. Sou zum Beispill huet hien, wéi hien am Idioterne d'Regie gefouert huet, um Regiestull keng Kleeder ugehat, hie war plakeg. Ausserdeem ass hien deen Eenzege gewiescht, deen et bis elo gepackt huet, Leit wei d'Björk psychesch sou ze zerleeën, datt se 5 Joer keng anstänneg Musek méi kënne maachen. De Lars von Trier probéiert ëmmer nei Saachen ze maachen, wou een him ka virwerfen, datt hie seng Stäerkten net ausbaut.

Thomas Vinterberg[änneren | Quelltext änneren]

Den Thomas Vinterberg ass zu Kopenhagen gebuer.

Kristian Levring[änneren | Quelltext änneren]

Sören Kragh-Jacobsen[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Dogma-Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Festen (The Celebration)[änneren | Quelltext änneren]

Dee räichen Helge Klingenberg feiert säi 60. Gebuertsdag. Op sengem Landwiesen invitéiert hien déi ganz Famill, Frënn a Bekannter fir déi Geleeënheet mat hinnen ze feieren. Et ass eng perfekt Idyll, vergiess ass de Suizid vu senger Duechter Linda virun engem hallwe Joer. Bis säi Jong, de Christian, eng Ried hält. An där Ried erkläert hie gemittelech a ganz roueg, datt säi Papp, hien a seng Schwëster Linda iwwer Jore vergewaltegt huet. Dann hieft hien d'Glas "Op dee Mann dee meng Schwëster embruecht huet, ob e Mäerder" (to the man who killed my sister, to a murderer). Domat brécht am Haus Klingenberg d'Panik aus. Den Toastmaster probéiert kënschtlech d'Laun riicht ze behalen, a jiddweree probéiert z'iwwerspille wat gesot gouf.

Alles an allem ass "Festen" ee vun deene beschten Dogma Filmer an e brillant Beispill fir sech mam Thema Dogma 95 ze beschäftegen.

Idioterne (The Idiots)[änneren | Quelltext änneren]

Am Idiots fënnt sech e Krees vu Kollegen zesummen a si probéieren deen 'ënneren Idiot' ze fannen. Fir deen opzedreiwe behuele si sech wéi geeschtech Handikapéierter. De Film beschäftegt sech mat de Reaktiounen tëscht de Gruppememberen an der psychescher Differenz tëscht de Persounen. Eng Gruppesexzeen gouf speziell mat Porno-Acteure gedréit. De Lars von Trier war fréier selwer Porno-Regisseur.

Besonnesches un den Dogma 95 Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Dogma-Filmer erkennt ee virun Allem un der eegewëlleger Handkameraféierung. Dobäi kann et engem am Ufank dronke ginn. Dann zeechne si sech doduerch aus datt dat fir Hollywood-Filmer typescht Bild vun der Gewalt ofgeleent gëtt. Dofir gëtt awer eng aner Komponent agesat, déi am puritaneschen Amerika tabu ass: Sex. Dogma-Filmer si voll mat Sex, wéi ee gutt am "Idioterne" gesäit. Fir de "Festen" goufen insgesamt 7 Sexzeene gedréint, vun deenen awer nëmmen eng gewise gëtt.

Domat ass Dogma haaptsächlech eng Erausfuerderung un den US-amerikanesche Film. An eenzelnen Dogma-Filmer ass ausserdeem d'Bildqualitéit relativ schlecht wat duerch d'Handkamera kënnt.

Beweeggrënn vun Dogma 95[änneren | Quelltext änneren]

D'Beweeggrënn vum Lars von Trier senger Equipe, Dogma ze maache sinn absolut net kloer. Den offizielle Grond war laut Manifest deen iwwerstrapazéierten an iwwercosmetiséierte Film erëm ze "botzen", nees wäertvoll ze machen an den Dogma als deen eenzeg richtege Film ze propagéieren.

Dat war gutt gemengt, mä e puer Problemer stoungen am Wee. En ongeschriwwent Gesetz seet, datt all Regisseur nëmmen een Dogma-Film mécht. Wat hätt dat fir en Zweck? Ausserdeem geet ewell de Lars von Trier, genee wei den Thomas Vinterberg, vir, datt si Dogma haassen an en am léifste wéilten erëm aus der Welt schafen, souguer Wierker maachen, fir mam Dogma ofzerechnen. Ausserdeem ass dat Regelwierk enorm enk an iwwerdriwwe penibel gewielt, kuerzerhand mécht et bal kee Sënn, ënner deenen Emstänn e Film ze maachen, wat Genië wéi de Lars von Trier och wëssen.

War Dogma95 also e geniale Coup de Pub? Wann een d'Geschicht vun Dogma verfollegt, stellt ee folgende Schema fest: 1995 gegrënnt, 1998 éischte Film (Dogma#1 Idioterne), 2001 d'offiziellt Enn duerch d'Schléissung vum Dogma-Secretariat dat d'Urkunde verdeelt huet. Dogma huet nëmme kuerz gelieft. Mä d'dänesch Regisseuren, Dänemark ass onbestridden d'Dogma-Land, hunn duerch Dogma en enormen Obschwonk erlieft an de Lars von Trier huet sech duech déi grouss Kontroversen ëm Dogma fir ëmmer an d'Käpp vun de Cineaste gebrannt. Ausserdeem, wann een ufänkt d'Strukture vum dänesche Filmgeschäft z'analyséieren, stellt ee fest, datt d'Industrie an d'Mafia an ähnleche Verhältnesser schafft, eng Hand wäscht déi aner.

Déi Fro geet bei allem Noliesen an Nofroen net zu Enn. Et wäert wahrscheinlech ni ee wësse wat de Lars von Trier mat Dogma wollt bewierken.

D'Effeten op d'Filmwelt[änneren | Quelltext änneren]

Dogma ass dout. Dorun däerft keen Zweiwel bestoen. An awer huet Dogma eng Spur duerch den Kino gezunn. Generell war Dogma en "Trau-Dech-Spill". Dogma huet Saache gemaach, déi kee sech getraut huet, an abeemol akzeptéiert an appréciéiert goufen. Déi extrem frai Kameraféierung zum Beispill gouf ausgebaut. Mëtt den 90er war déi duerchschnëttlech Längt vun engem Filmschnëtt 5,2 Sekonnen. Dogma huet misse wéinst technesche Prinzipien méi lues schneiden. Filmer wéi, als extremt Beispill, dem Gus Van Sant säin Elephant hu spéider beandrockend gewisen, datt e Film mat Schnëtter bis zu 8 Minutten, zwar ongewinnt ass, mä funktionéiere kann. De Film Traffic war e Film deen, obwuel e keen Dogma Film war, sech immens un de Critèren orientéiert huet, an androcksvoll weist, wéi d'Fräiheet am Film kann de Film verbesseren. E praktescht Beispill aus dem Film Dancer in the dark:

Noodéems d'Selma säin Nooper ëmbruecht hat, flücht hatt mat engem Auto. Et gesäit een d'Selma, dann e Schwenk. De Focus vun der Kamera ass komplett onschaarf. No e puer Momenter eréischt, erkennt een zur Heckfënster eraus, wat geschitt. Sou eng onschaarf Opnam wier e Grond gewiescht fir all Kameramann erauszegeheien - virun Dogma.

Dogma huet zum engen den dänesche Film bekannt gemaach, zum aneren d'Toleranzen ausgebaut. Allerdéngs gëllt et ze bemierken, datt de Lars Von Trier bei Dancer In The Dark selwer säin eegend Manifest iwwer Bord gehäit huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Sudmann, Dogma 95. Die Abkehr vom Zwang des Möglichen. Hannover: Offizin, 2001
  • Thorben Grosser, Florian Schmitz, DOGMA - The Rise And Fall of a Film Movement, Iechternach 2004, ze kréie bei den Auteuren
  • DOGMA 95 im Kontext. Kulturwissenschaftliche Beiträge zur Authentisierungsbestrebung im dänischen Film der 90er Jahre, Matthias N. Lorenz, ISBN 3824445182

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]