Dollar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dollar ass den Numm vu verschiddene Währungen, wouvunner déi bekannsten den US-Dollar ass.
D'Wuert kënnt hier vum Daler, dee sengersäits eng Ofkierzung fir Joachimsthaler ass. Dëst war de Spëtznumm vum Guldengroschen, deen zu Joachimsthal, dem haitege Jáchymov, geklappt gouf.
Den Numm Dolaro oder Dolares ass fir d'éischt ënnert dem Keeser Karel V. opgetaucht, eng spunesch Form vum hollänneschen Daalder.
Offiziell Dolaros gouf et zënter 1575 a Potosi, dem haitege Bolivien. Well s'och an Nordamerika am Ëmlaf waren, gouf den Numm an de britesche Kolonien e Begrëff.
Éischt Dollars ginn et offiziell 1600, déi op Uerder vun der Kinningin Elisabeth I. geklappt, an iwwert déi britesch East India Company verbreet goufen.
Den 2. Abrëll 1792 gouf duerch d'Amerikanescht Wärungsgesetz, dem coinage act de „spueneschen Dollar oder Peso“ mat engem Sëlwergewiicht vun 371,25 grains (ëmgerechent 24,056 g) zu der Haaptwärungsunitéit an den USA.
Zënterhier gouf den Numm och fir eng ganz Rëtsch aner Wärunge gebraucht.
[Änneren] Dollar-Wärungen
[Änneren] Literatur
- Anton Zischka: Der Dollar - Glanz und Elend einer Währung. München: Wirtschaftsverlag Langen-Müller/Herbig, 1986
- Heinz Fengler und Autoren: Transpress Lexikon Numismatik. Berlin: Transpress Verlag für Verkehrswesen, 1988

