Dolles

Vu Wikipedia
Dolles
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Plaz Nidderkuer
Koordinaten 49°32'1,9738"N, 5°53'23,7307"O
Ageweit 24. September 2011
Material Bronz
Kënschtler Wil Lofy

Den Dolles ass den Numm vun enger bronze Statu vum Wil Lofy, déi e Mann duerstellt, deen zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté op der Plaz tëscht dem Agank vum Nidderkuerer Spidol (CHEM, Centre hospitalier Émile Mayrisch, fréier: Hôpital Princesse Marie-​​Astrid) an der Maison relais op enger Bänk sëtzt. Si gouf de 24. September 2011 ageweit.

Et ass e Monument fir de "richtegen" Dolles, e Strummert, deen zu Nidderkuer gelieft huet a seng Stammplaz op enger Bänk op der Maartplaz hat. Säi biergerlechen Numm war Pierre Adolphe Schockmel. Hie war den 19. Februar 1896 zu Nidderkuer gebuer. Seng Eltere waren de Wiert Pierre Schockmel an d'Cathérine Ettinger[1]. Dem Déifferdang Magazin no, wier hien den 12. Dezember 1970 am Nidderkuerer Spidol gestuerwen, laut Luxroots den 9. Dezember 1970 zu Déifferdeng[2].

D'Déifferdenger Sektioune vun der ADR an der CSV hunn um Wierk kritiséiert, datt et mat 150.000 Euro ze deier wier an datt et eng ganz Rei aner Déifferdenger Bierger géif ginn, déi eppes geleescht hätten an deene keen Denkmal gesat géif ginn[3],[4].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • L.A.: Der “Dolles” ist zurück. Tageblatt 2011, Nr. 224 (26. September), S. 28.
  • "Dolles", eine schon fast historische Figur., In Déifferdang Magazin, Nr. 4/2011, Säit 18-19.
  • Niederkorn. Bekannt fürs Nichtstun: "Dolles", der Obdachlose, der zur Stadtgeschichte gehört. Tageblatt 2019-08-19, S. 13 (Artikel vum Roby Fleischhauer, deen op dem Text aus dem Déifferdang Magazin baséiert).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxroots.com.
  2. Déifferdang Magazin 2011 (cf. Literatur); Luxroots.com.
  3. deifferdeng.csv.lu: den „Dolles“ vun Nidderkuer… (5. Oktober 2011).
  4. wort.lu: Polemik um „Dolles“ (15. Mäerz 2013).