Dolores del Río

Vu Wikipedia
Dolores del Río
D'Dolores del Río am Film The Fugitive vun 1947
Gebuertsnumm María de los Dolores Asúnsolo y López Negrete
Gebuer 3. August 1904
Victoria de Durango
Gestuerwen 11. Abrëll 1983
Newport Beach
Doudesursaach Liewerversoen
Nationalitéit Mexiko
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Cedric Gibbons
Liewenspartner(in) Orson Welles
D'del Río am Film "Bird of Paradise" (1932)

D'Dolores Asúnsolo y López Negrete de Martínez del Río, genannt Dolores del Río, gebuer den 3. August 1904[1][2] zu Durango a gestuerwen den 11. Abrëll 1983 zu Newport Beach a Kalifornien, war eng mexikanesch Schauspillerin.

D'Dolores del Río ass 1925 op Hollywood gaangen, wou s'a Joanna vum Edwin Carewe hir éischt Roll krut. Dat Joer drop hat si grousse Succès am Raoul Walsh sengem Antikrichsfilm What Price Glory?. Si gouf an de Joren dono a weidere Filmer vum Carewe, meeschtens an der Roll vun enger exotescher Beauté, agesat. Si huet, wéinst hirem staarken Accent, ufanks gezéckt an Tounfilmer matzespillen. Deen éischten, The Bad One (1931) hat net vill Succès, an eréischt 1932 huet si fir d'RKO am Südséiabenteuer Bird of Paradise vum King Vidor hiren Tounfilm-Duerchbroch. 1933 huet si am Musical Flying Down to Rio eng Brasilianerin gespillt a stoung virum Fred Astaire an Ginger Rogers am Virspan, déi do hiren éischten Optrëtt zesummen haten.

Bis 1942 huet si weider Filmer an den USA gedréint, als lescht d'Haaptroll, nieft dem Joseph Cotten, am Orson Welles sengem Journey into Fear. Dono ass si a Mexiko zeréckgaangen a war do 25 Joer laang ee vun den Top-Stare vum mexikanesche Kino. Si huet do ë. a. mam Regisseur Emilio Fernández an e puer Filmer zesummegeschafft. Fir hir Haaptroll a Las Abandonadas krut si 1946 de Premio Ariel, de mexikanesche Filmpräis. 1975 huet si, als Unerkennung fir hir 50järeg Filmcarrière, e Gëllenen Ariel kritt. Tëschenduerch hat si nach deen een oder aneren Optrëtt an US-amerikanesche Produktiounen, wéi dem Don Siegel sengem Flaming Star (1960), an deem se dem Elvis Presley seng Mamm gespillt huet, an dem John Ford sengem Cheyenne Autumn (1964).

Si huet och a mexikaneschen an US-amerikaneschen Theateren a fir d'Televisioun geschafft.

D'Dolores del Río war vun 1929 bis 1941 mam Chefdesigner vun der MGM, dem Cedric Gibbons, bestuet. D'Marlene Dietrich huet d'Dolores del Río eng Kéier déi schéinste Fra vun Hollywood genannt.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dolores del Río – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. this (see 1919 travel manifest at Ancestry.com (subscription required)) gives her age as 15; accessed 19 July 2016.
  2. Jarlson, Gary; Thackery Jr, Ted (13 April 1983). "Dolores Del Rio, Exotic Queen of Films, Dies". Los Angeles Times. Retrieved 2 April 2020.