Dombasle-devant-Darney

Vu Wikipedia
Dombasle-devant-Darney
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Darney
Koordinaten 48° 07’ 40’’ N
      06° 04’ 39’’ O
Fläch  873 ha
Bevëlkerung  90 (1999)

Dombasle-devant-Darney ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Dombasle-devant-Darney läit op enger Héicht vun 320 Meter, nërdlech vum Zesummefloss vun zwou Baache mat den Nimm Ruiseau du Pavon a Ruisseau du Breuil, déi nodeem s'an de Ruisseau du Grand Moulin gelaf sinn, mat dësem zesummen zu Bonvillet an d'Saône lafen. No Norde besteet d'Landschaft haaptsächlech aus landwirtschaftleche Flächen, mat nach e puer Wéngerten. Am Westen an am Süde leie grouss Bëschmassiver, wéi z. B. d'Forêt d'Armont.

Den héchste Punkt an der Gemeng ass op 418 Meter, an den déifsten op 285.

D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementalen D5a an D25c.

Bis am Ufank vum 20. Joerhonnert war Dombasle eng Handwierkeruertschaft, wou besonnesch vil Stengkläpper gewunnt hunn. D'Duerf hat déi Zäit bis zu 500 Awunner.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Ernimmenwäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Basle aus dem 19. Joerhonnert
  • E Buer bei dee fréier fir Aekrankheete gepilgert gouf

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dombasle-devant-Darney – Biller, Videoen oder Audiodateien