Dominique Pescatore

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Dominique-Marie Pescatore, gebuer den 28. Januar 1758 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergersche Geschäftsmann a Jurist.

Hie krut seng Agrégatioun als Affekot den 23. August 1783 vum Conseil Provincial. De 27. August 1786 huet hien d'Marie-Madelaine Geschwind bestuet, d'Duechter vum Raymond Geschwind, engem éisträcheschen Ënneroffizéier.

Dem Dominique¨Pescatore seng Geschäfter sinn net esou brilllant gelaf. Am Ufank war hien de Besëtzer vun der Steeseler Millen, an hie konnt och nach d'Mille vu Schëtter kafen. Duerno ass et awer lues a lues biergaf gaange mam Geschäft, a wéinst sengem net standesgeméisse Bestietnes gouf hien net vun der Famill ënnerstëtzt. Nom Doud vu senger Fra, den 21. Oktober 1807, si seng Geschäfter praktesch net méi gelaf sou datt en zum Schluss nach just en Tubaksbuttek hat. Den 9. September 1810 gouf e bei der Mille vu Bouneweg doud an der Uelzecht fonnt.

Aus sengem Bestietnes mat der Marie-Madelaine Geschwind, hat hie sechs Kanner: zwee Meedercher a véier Bouwen, déi an der drëtter Generatioun vun de Pescatoren zu Lëtzebuerg der Famill zu hirer Bekanntheet verhollef hunn.

Et waren dat:

Den Dominique war de Brudder vum Joseph-Antoine Pescatore.