Dominique de Villepin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dominique de Villepin an de Colin Powell
Den Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin, gebuer de 14. November 1953 zu Rabat a Marokko, ass e franséische Schrëftsteller, Diplomat, Affekot a Politiker. Hie war Premierminister vu Frankräich vum 31. Mee 2005 bis de 15. Mee 2007.
Den de Villepin ass Member vun der Union pour un mouvement populaire.
[änneren] Arméiszäit
Den Dominique de Villepin huet säi Miltärdéngscht als Offizéier um Fligerdréier Clemenceau bei der fransésischer Marine gemaach.
[änneren] Zivil Carrière
- 1980 - 1984: Secretaire vun den Affaires africaines et malgaches
- 1981 - 1984: Secretaire vum Centre d'analyse et de prévision
- 1984 - 1987: Éischte Secretaire an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1987 - 1989: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1989 - 1990: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei-Delhi
- 1990 - 1992: Éischte Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei Delhi
- 1992 - 1993: Directeur-adjoint vun den Affaires africaines et malgaches zu Paräis
- 1996 - 1999: President vum Verwaltungsrot vum Office national des forêts
[änneren] Politesch Carrière
- 1993 - 1995: Directeur de cabinet vum Ausseminister Alain Juppé
- Mee 1995 - Mee 2002: Generalsecretaire vun der Présidence de la République
- Mee2002 - Mäerz 2004: Ausseminister an der Regierungen 1 an 2 vum Jean-Pierre Raffarin
- 31. Mäerz 2004 - 31. Mee 2005: Inneminister an de Regierung 3 vum Raffarin
- 31. Mee 2005 - 15. Mee 2007: Premierminister ënner dem President Jacques Chirac
| Commons: Dominique de Villepin – Biller, Videoen oder Audiodateien |