Donald Edward Osterbrock

Vu Wikipedia
Donald Edward Osterbrock
Gebuer 13. Juli 1924
Cincinnati
Gestuerwen 11. Januar 2007
Santa Cruz
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society

Den Donald Edward Osterbrock gebuer den 13. Juli 1924 a gestuerwen den 11. Januar 2007 war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Osterbrock ass am Cincinnati grouss ginn. Hie war Student op der University of Chicago. Duerno huet hien op der Princeton Universitéit geschafft, an och op der University of Wisconsin an am California Institute of Technology. Zanter 1973 war hien op der University of California, Santa Cruz, wou e vun 1973 bis 1981 de Lick-Observatoire geleet huet.

Den Osterbrock huet sech besonnesch mat spektroskopeschen Observatioune vun aktive galaktesche Kären ofginn, an och mat der Physik vum ionisierte Gas an dësen Objeten an a Gasniwwele vun onser Mëllechstrooss. Hien huet och e Léierbuch zu dësem Theema geschriwwen.

Hie gouf 1991 mat der Bruce Medal an 1997 mat der Gold Medal vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]