Dondel
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Kapell zu Dondel | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Dondelange de: Dondelingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | A. Paulus (LSAP) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 148 (2006) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 41' 20" N 06° 01' 49" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Dondel ass eng Uertschaft an der Gemeng Kielen, am Westen vun der Stad Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
Den héchste Punkt vun Dondel ass um Lieu-dit „Groussebësch“ op 370 Meter, déifste Punkt ass de Lieu-dit „Brachwiss“ op 242 Meter iwwer dem Mieresspigel. Et ass dat eenzegt Duerf an der Gemeng Kielen, dat am Dall vun der Dondelerbaach läit. De groussen Héichtenënnerscheed ass domat ze erklären, datt den Dall no Westen hin op den Äischdall opgeet, während et zu deenen aneren 3 Säite vun engem héije Plateau ëmginn ass, op deem Keespelt, Meespelt, de Quatre-Vents, Kielen an Nouspelt leien.
D'Nationalstrooss 12 féiert duerch d'Duerf, laanscht d'Dondelerbaach, déi beim Lieu-dit „Brachwiss“ an d'Äisch fléisst. Eng zweet kleng Baach d'Uesbech kënnt duerch eng Zoch vum Kléngelbur bei Nouspelt erfort a leeft zu Dondel bei der Kapell an d'Dondelerbaach déi vu Meespelt kënnt.
[änneren] Geschicht
Dondel ass en Duerf dat wahrscheinlech an der keltescher Zäit gegrënnt gouf.
Déi éischte Kéier gëtt d′Duerf 1463 genannt. Et louch deemools un der Grenz tëscht der Härschaft vun Aansebuerg an der Vogtei vu Lëtzebuerg. Op d'mannst vum 13. Joerhonnert u goufen um Terrain vun Dondel 2 Käremille bedriwwen, duerch déi d'Duerf bekannt war. Et waren dat déi iewescht an déi ënnescht Millen. Déi iewescht Millen ass nëmme vun der Dondelerbaach beliwwert ginn, wärenddeem déi ënnescht Mille vun deenen zwou Baache gespeist gouf. Béid Millen existéieren haut net méi.
[änneren] Kuckeswäertes
Kuckeswäert ass d′Kapell zu Dondel. Si ass dem hellegen Haupert geweit an huet Ilustratioune vu Bëschdéieren an de Fënsteren. Dondel gehéiert zur Par Nouspelt, déi haut dem Parverband Mamerdall ugeschloss ass. De Parverband Mamerdall setzt sech zesummen aus de Gemenge Kielen, Koplescht an Mamer.