Donkel Galaxis

Vu Wikipedia

Eng Donkel Galaxis ass eng Galaxis, där hir Mass zu engem Groussdeel aus net selwerliichtender Matière besteet a sou nëmme ganz wéineg bis guer keng Stären huet. Dofir och den Nummzousaz "Donkel".

D'Galaxis kéint Gas, kosmesche Stëbs an donkel Matière enthalen. Bei villen Objete gëtt ugeholl, si wieren eng donkel Galaxis, bei en ettleche gouf dat awer spéider widerluecht.

Kandidaten[änneren | Quelltext änneren]

HE0450-2958[änneren | Quelltext änneren]

Foto vum HE0450-2958 duerch den Hubble-Weltraumteleskop mat Hëllef vun MCS Dekonvolutioun Bildveraarbechtung

HE0450-2958 ass en ongewéinleche Quasar, bei deem keng Galaxis roderëm konnt festgestallt ginn. Et gëtt ugeholl, datt et sech dobäi ëm eng Donkel Galaxis handele kéint, an där e Quasar aktiv gouf.

HVC 127-41-330[änneren | Quelltext änneren]

HVC 127-41-330 ass eng Héichgeschwënnegkeetswollek ëm den M31 an den M33.

VIRGOHI21[änneren | Quelltext änneren]

De VIRGOHI21 gouf am Februar 2005 entdeckt. E gouf fonnt, wéi no Radiowelle gesicht gouf, déi duerch Waasserstoff verursaacht gi waren.

Kierzlech gouf gewisen, datt Donkel Galaxië Stären enthalen. Dofir gëtt d'Galaxis nëmmen duerch sougenannt Donkel Matière zesummegehalen. Bis haut gouf keng Donkel Galaxis mat engem Schwaarze Lach am Zentrum entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie